Den HIP 11915 ass e Gielen Zwerg am Stärebild Cetus. Hie läit ronn 186 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Hien huet bal déi selwecht Mass, Temperatur, a Metallizitéit souwéi e vergläichbaren Alter wéi eis Sonn an ass dofir e sougenannte Sonnenzwilling. 2015 gouf d'Entdeckung vun engem jupitergroussen Exoplanéit ëm dëse Stär publizéiert.

HIP 11915
Kënschtleresch Duerstellung vum Stär HIP 11915 mam Planéit HIP 11915 b virdrun.
Stärebild: Cetus (Cet)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 02h 33m 49,02495s
Deklinatioun - 19° 36' 42,5032"
visuell Magnitude 8,58 mag
Spektralklass: G5V
Astrometrie
Radialvitess: 14,1 ± 0,5 km/s
Parallax: ?
Distanz 57,3 ± 3,5 PC
Liichtkraaft ? mag
Physikalesch Eegenschaften
Radius: ? R☉
Metallizitéit: -0,059 ± 0,004
Uewerflächentemperatur 5.760 ± 4 K
Alter: 4,0 ± 0,6 Milliarden
Aner Bezeechnungen
Henry-Draper-Katalog HD 16008
Hipparcos-Katalog HIP 11915
2MASS J02334900-1936425
SAO SAO 148468
Tycho-Katalog TYC 5862/2032/1

De Stär ass mat enger visueller Hellegkeet vun 8,58 mag vill ze liichtschwaach, fir nach mat bloussem A gesinn ze ginn. Hie kann awer scho mat enger gudder Spektiv lokaliséiert ginn.

Planéitesystem änneren

Den HIP 11915 gehéiert zu enger Rei vu ronn 60 als "Sonnenzwilling" klasséiert Stären, déi zanter 2011 am Kader vun engem Sichprogramm fir Exoplanéiten ëm sou Stäre mam Échelle-Spektrograph HARPS vum Europäesche Südobservatoire (ESO) ënnersicht ginn. En internationaalt Astronomenteam ënner der Leedung vu brasilianesche Wëssenschaftler hunn am Juli 2015 den Noweis vun engem Planéit bekannt ginn, deen ëm den HIP 11915 kreest. D'Entdeckung gouf mat der Radialvitessmethod gemaach.

De Planéit mat der Bezeechnung HIP 11915 b huet no der Modellrechnung vum Entdeckerteam eng Mindestmass vu ronn 0,99 Jupitermassen, eng grouss Bunnhallefachs vu ronn 4,8 AE, an eng Ëmlafzäit vu ronn 3830 Deeg. De Planéit ka sou als Jupiterzwilling ugesi ginn, deen eng änlech Mass huet wéi de Jupiter am Sonnesystem a säin Zentralstär op enger änlecher Distanz ëmkreest, wéi de Jupiter d'Sonn.

D'Resultater vun de Radialvitessmiessunge schléissen d'Existenz vun engem weidere Gasris bannenzeg vun engem Ëmlafradius vun 1000 Deeg ëm den HIP 11915 aus, wat d'Méiglechkeet vu méi wäit bannenzeg ëmkreesenden terrestresche Planéiten opléisst. D'Planéitesystem vum HIP 11915 ass no enger Publikatioun vun der ESO e villverspriechende Kandidat fir e Planéitesystem änlech wéi eist Sonnesystem.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie