Tony Pemmers
Den Tony Pemmers oder Antoine Pemmers, gebuer den 19. August 1893 zu Dikrech[1] an do gestuerwen den 30. Dezember 1933, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.[2]
Tony Pemmers | |
---|---|
Gebuer |
19. August 1893 Dikrech |
Gestuerwen |
30. Dezember 1933 Dikrech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot |
Famill | |
Papp | Pierre Pemmers |
1923 huet hien, zesumme mam Albert Wehrer, d'Conférence du jeune barreau de Luxembourg gegrënnt. Vun 1923 bis 1924 war hie President vun där Vereenegung.
Bei de partielle Chamberwale vum 7. Juni 1931 gouf hien als Vertrieder vum Walbezierk Zentrum als Deputéierten an d'Chamber gewielt.
Säi Papp war de Pierre Pemmers.
Referenzen
änneren- ↑ Den Antoine Pemmers op www.deltgen.com
- ↑ Doudesannonce a Kuerzbiographie vum Tony Pememrs am Luxemburger Wort vum 1. an 2. Januar 1934