Pierre-Joseph Maisonnet

Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pierre-Joseph Maisonnet, gebuer den 10. Februar 1783 zu Antwerpen a gestuerwen den 20. Abrëll 1823 an der Stad Lëtzebuerg war e Moler. Hie war den eelste Jong vum Pierre Maisonnet an der Marie-Thérèse de Brucq de Château d'Anvers.

Pierre-Joseph Maisonnet
Gebuer 10. Februar 1783
Gestuerwen 20. Abrëll 1823
Aktivitéit Moler

Säi Liewen änneren

De Pierre-Joseph Maisonnet war 1798 an der Zentralschoul, dem haitege Kolléisch ageschriwwen an dat Joer duerno an der Zeecheschoul vum Jean-Baptiste Pierre Pioche.

Sou wéi säi Papp, war de Pierre-Joseph och Dekorateur a Restaurateur vu Biller, wéi et aus enger Annonce am Luxemburger Wochenblatt vum 14. Abrëll 1821 ervirgeet:

Peter Joseph Maisonnet, Sohn (der ältere) Beaumontgasse Nr. 48, hat die Ehre einem hochgeehrten Publikum den von ihm neu erfundenen dauerhaften Vergoldungslack zu Spiegel- und Bilderrahmen,... zu empfehlen. Er übernimmt alle Gegenstände der gedachten und ähnlichen Art zum Vergolden mit diesem Lack...

Wierker (Auswiel) änneren

Literatur änneren

  • APEA, 1987. Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg. Association des Professeurs d'Education artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur (APEA), Impr. St-Paul, Luxembourg, 332 S. (Pierre-Joseph Maisonnet: S. 78.)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pierre-Joseph Maisonnet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren