Jean-Baptiste Pierre Pioche

franséische Moler

De Jean-Baptiste Pierre Pioche, gebuer ëm 1735 zu Paräis a gestuerwen de 17. November 1810 an der Stad Lëtzebuerg war e franséische Moler.

Jean-Baptiste Pierre Pioche
Gebuer 1735
Paräis
Gestuerwen 17. November 1810
Lëtzebuerg
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Lycéesprofesser, Moler

Säi Liewen änneren

De Jean-Baptiste Pierre Pioche war Zeecheprofesser zu Metz, ier hien ëm 1795 op Lëtzebuerg koum. Zesumme mat senger Fra, der Marie-Louise Bouché, huet hien um Fëschmaart gewunnt.

Wéi eng Plaz als Zeecheprofesser an der Zentralschoul, dem haitege Kolléisch, ausgeschriwwe war, huet de Pioche sech 1798 dorop gemellt, grad wéi de Lëtzebuerger Moler Pierre Maisonnet. Dem Pioche seng Kandidatur gouf ugeholl[1] an hien ass bis zu sengem Doud Zeecheprofesser bliwwen. Duerno huet de Maisonnet déi Funktioun iwwerholl.

Wierker änneren

Et schéngt keent vu senge Wierker méi ze bestoen.

Och wa keng Pläng méi bestinn, sou ass awer gewosst, datt de Pioche Dekoratiounsaarbechten an der Méchelskierch an der Stad gemaach hat (republikanesch Symboler a Biller). D'Kierch war nämlech 1798, ënner dem Franséische revolutionäre Regime, fir d'éischt als Theater an dunn als Dekadentempel a Gebrauch.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1799 stoung hien nach op der Lëscht vun de Professeren aus der Zentralschoul vum Département des forêts. Do gouf hien als « Entrepreneur général des Convois militaires et ancien Professeur de Dessin de Metz » gefouert