Philip Keenan

US-amerikaneschen Astronom

De Philip C. Keenan, gebuer den 31. Mäerz 1908 zu Bellevue, Pennsylvania a gestuerwen den 20. Abrëll 2000 zu Columbus, Ohio) war en US-amerikaneschen Astronom.

Philip Keenan
Gebuer 31. Mäerz 1908
Gestuerwen 20. Abrëll 2000
Nationalitéit USA
Educatioun University of Chicago
Aktivitéit Astronom

De Philip C. Keenan krut an de Joren 1929 an 1930 seng Bachelor a Master-Ofschlëss op der Universitéit vun Arizona. Hie wiesselt dann op d'University of Chicago an huet do am Joer 1932 ënner dem Otto Struve an dem Christian T. Elvey mat der Aarbecht An Astrophysical Study of the Solar Chromosphere (Eng astrophysikalesch Etüd vun der solarer Chromosphär) promovéiert. Bis 1942 huet hien do geléiert an ass da bei den Navy Bureau of Ordnance komm. 1946 gouf hien Assistentprofesser op der Ohio State University zu Columbus a Mataarbechter am Perkins Observatoire vum Ohio State a vun der Ohio Wesleyan University. Hien ass do bis zu senger Rent am Joer 1976 bliwwen, war do doriwwer eraus weider 24 Joer als Emeritus a bis zu sengem Doud wëssenschaftlech aktiv. Seng lescht Aarbecht gouf 1999 am Astrophysical Journal publizéiert.

Dat an de Jore vun 1939 bis 1943 vum William Wilson Morgan am Keenan entwéckelt, an no hinne benannt MK-System ass nach haut dat gängegst System an der Spektralklassifikatioun. Des Weideren huet sech de Keenan besonnesch mat Stärentwécklung a kille Stäre mat komplexe Spektre befaasst.

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie