William Wilson Morgan
US-amerikaneschen Astronom
De William Wilson Morgan, gebuer den 3. Januar 1906 zu Bethesda, Tennessee, a gestuerwen den 21. Juni 1994, war en US-amerikaneschen Astronom.
William Wilson Morgan | |
---|---|
Gebuer | 3. Januar 1906 |
Gestuerwen | 21. Juni 1994 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Washington and Lee University, University of Chicago |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, American Astronomical Society, National Academy of Sciences |
Hien huet um Yerkes-Observatoire geschafft. Säin Haaptaarbechtsgebitt war d'Spektralklassifikatioun. Zesumme mam Philip Keenan entwéckelt hien d'MK-System. Unhand vun Distanzbestëmmunge vun der O- a B-Stären huet hien zesumme mam Donald Edward Osterbrock an dem Stewart Sharpless d'Spiraläerm vun der Mëllechstrooss nogewisen.