Astrophysical Journal

Fachzäitschrëft fir Astronomie an Astrophysik

Astrophysical Journal, ofgekierzt ApJ, ass eng US-amerikanesch Fachzäitschrëft fir Astronomie an Astrophysik.

Den Astrophysical Journal gouf am Joer 1895 vum George Ellery Hale an dem James E. Keeler gegrënnt a gëtt haut vun der American Astronomical Society publizéiert. Zanter 1953 gëtt an der Astrophysical Journal Supplement Series (ApJS) ergänzend an ëmfangräicht Material verëffentlecht. D'Astrophysical Journal Letters (ApJL) maachen eng séier Publikatioun vun neie Resultater a kompakter Form méiglech.

ApJ gehéiert haut wéi Astronomy and Astrophysics, Astronomical Journal a Monthly Notices of the Royal Astronomical Society zu de beschte Fachzäitschrëften an der Astronomie an Astrophysik.

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie