Haaptmenü opmaachen

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Paräis 

Métro de Paris, Iéna station, totem Val d'Osne.jpg
Statioun Simplon op der Linn 4

De Paräisser Metro ass d'ënnerierdescht Bunnennetz vun der Stad Paräis a vun enger Partie vun de Gemenge ronderëm. 2005 hat de Metro vu Paräis 16 Linne mat 297 Statiounen. D'total Längt vum Metrosnetz sinn ongeféier 200 km.

No der Adoptioun vun engem Schinnennetzprojet vum Fulgence Bienvenüe, Inspekter vun de Ponts et Chaussées an dem Edmond Huet, den 20. Abrëll 1896, gëtt de Chemin de fer métropolitain als Utilité publique duerch d'Gesetz vum 30. Mäerz 1898 deklaréiert. D'Arbechte sinn de 4. Oktober 1898 lassgaangen, am Kader vun enger Konventioun tëscht der Stad Paräis an der Compagnie du chemin de fer Métropolitain de Paris (CMP). Déi éischt Linn (Porte de Vincennes - Porte Maillot) ass den 19. Juli 1900 opgaangen, fir den Transport wärend den Olympesche Summerspiller an de Bois de Vincennes z'erméiglechen. D'Ädikuli goufe vum Art Nouveau-Architekt Hector Guimard geschaf.

Den Opbau vum Metro gouf zesumme vum Staat an der Stad Paräis decidéiert, virun allem well d'Transporter net effizient genuch an der franséischer Haaptstad viru sech gaange sinn. Ausserdeem gouf dobäi un d'Weltausstellung vum Joer 1900 geduecht. Den Originalprojet hat eng kreesfërmeg Linn Étoile-Nation-Étoile virgesinn, an zwou transversal Linnen, déi eng vum Norden an de Süden (Porte de Clignancourt-Porte d'Orléans), déi aner vum Osten an de Westen (Avenue Gambetta - Porte Maillot).

Eng zweet Konventioun gëtt den 31. Januar 1904 ënnerschriwwen, déi enger anerer Firma, der Société du chemin de fer électrique souterrain Nord-Sud de Paris (Nord-Sud), den Optrag vun enger Linn tëscht Montmartre (eigentlech Notre-Dame de Lorette) an der Porte de Versailles. D'Inauguratioun vun dëser Linn de 4. November 1910 war verspéit duerch d'Héichwaasser vun der Seine am Januar 1910.

Déi zwou Entreprisen CMP an Nord-Sud, déi bis 1929 koexistéiert hunn, bis si fusionéieren, hunn ähnlecht Material benotzt, mä "hir" Statioune ganz verschidden dekoréiert. Verschidde Statiounen haten deselwechten Numm op deenen zwou Linnen (zum Beispill gouf et zweemol d'Statioun Grenelle).

1913 hat de Paräisser Metro schonn 10 Linnen: 8 vun der CMP an zwou vun der Nord-Sud (déi aktuell Linn 12 an d'Linn nërdlech vun der Statioun Saint-Lazare). Vu 55 Milliounen am Joer 1901 ass d'Zuel vun de Reesenden 1913 op 476 Millioune pro Joer eropgaangen. De Resau huet wärend dem Éischte Weltkrich weider vergréissert. An der Tëschekrichszäit sinn d'Linnen 9, 10 an 11 opgaangen. 1929 schléisst sech d'Nord-Sud der CMP un.

Den 1. Januar 1942 fusionéiert d'CMP mat der Société des transports en commun de la région parisienne (STCRP); dëse Resau gouf 1949 vun der RATP iwwerholl, déi den 23. Mäerz 1948 gegrënnt gi war. De Paräisser Metro gëtt och haut nach vun der RATP bedriwwen, déi och de Funiculaire de Montmartre geréiert, d'Paräisser Buslinnen, de Paräisser Tram an d'Linnen A a B vum RER.

1967 koum d'7bis bäi, an 1971 d'Linn 3bis).

De 15. Oktober 1998 gouf eng komplett nei Linn gebaut: d'Linn 14, ursprénglech tëscht Madeleine an der Bibliothèque François Mitterrand, an duerno verlängert bis zur Gare Saint-Lazare.

Plang vum Metro an RER zu ParäisÄnneren

 
D'Metros- an d'RER-Linnen

Lëscht vun de LinnenÄnneren

Literatur zum ThemaÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren