Tanks
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Een Tanks, oder Panzer, ass e gepanzert Gefier, dat vum Militär oder der Police zu Kampfzwecken agesat gëtt. E Panzer ass motoriséiert, fiert op Gleisketten an huet Waffen u Bord. Ënner Tanks stellt ee sech an der Reegel e gepanzerte Won vir, dee géint de Beschoss protegéiert ass, an en dréibaren Tuerm mat enger Kanoun oder MG huet. Et gëtt allerdéngs Panzerween a verschiddenen Ausféierungen, fir ënnerschiddlech Zwecker.

D'Panzerung besteet aus engem Stolalliage, zum Deel an enger Kombinatioun mat Keramik- a Konschtstoffschichten. Ugedriwwe ginn Tanksen haut meeschtens duerch staark leeschtungsfäeg Dieselmotoren, neierdengs och duerch Gasturbinnen, déi a Verbindung mat engem Kettelafwierk sech ganz gutt fir d'Fortbeweegung am koppegen oder knubbelegem Terrain eegnen.
Typpen Änneren
Panzergefierer kënnen no verschiddene Gesiichtspunkte kategoriséiert ginn. Gebräichlich sinn den Asazzweck, d'Gewiicht an d'Manéier wéi se ugedriwwe ginn.
Ënnerscheed nom Gewiicht Änneren
Bis no dem Zweete Weltkrich hu vill Arméien d'Tanksen no hirem Gewiicht klasséiert:
- liicht Tanksen,
- mëttelschwéier Tanksen,
- schwéier Tanksen.
Well d'Gewiichtsklassen net iwwerall déi selwecht waren, konnt ee mat deene Vergläicher net vill ufänken.
Ënnerscheed nom Gebrauch Änneren
Méi spéit gouf ënnerscheet, woufir d'Tankse gebraucht ginn:
- Artillerietankse mat schwéiere Kanounen (Mortier oder Haubitzen),
- schwéier Gefechtstanksen,
- mobil liicht Tanksen (Ënnerstëtzungspanzer) mat liichter Bewaffnung zur Hëllef vun de Buedemtruppen,
- Infanterietankse fir den Transport vun Infanteristen,
- Spähpanzer, dacks op Rieder fir sech séier deplacéieren ze kënnen,
- Transportpanzer, z. B. fir den Transport vu Bréckendeeler,
- Amphibientanks, fir Landeoperatiounen,
- Flaktanksen,
- Biergungspanzer mat Kran fir beschiedegt Gefierer aus der Front ze transportéieren,
- Jeeërtanks spezialiséiert op d'Ofschéisse vun aneren Tanksen
Geschicht Änneren
Tanksen am Éischte Weltkrich Änneren
Iwwersiicht iwwer Tankstyppen am Éischte Weltkrich Änneren
Frankräich ÄnnerenItalien ÄnnerenDäitschland Änneren |
Groussbritannien Änneren |
Tanksen am Zweete Weltktich Änneren
Iwwersiicht iwwer d'Tankstyppen am Zweete Weltkrich Änneren
Iwwersiicht iwwer d'Tankstyppen nom Zweete Weltkrich Änneren
Frankräich ÄnnerenDäitschland ÄnnerenVereenegt Staaten Änneren |
Groussbritannien ÄnnerenSowjetunioun ÄnnerenIsrael Änneren |
China Änneren |
Um Spaweck Änneren
Commons: Tanks – Biller, Videoen oder Audiodateien |