Cruiser Mk II
Cruiser Mk II (A10) | |
---|---|
E Cruiser Mk II (A10) | |
Allgemeng Donnéeën | |
Besatzung | 5 |
Längt | 5,51 m |
Breet | 2,54 m |
Héicht | 2,59 m |
Gewiicht | 13.75 t |
Panzerung a Bewaffnung | |
Panzerung | 22-30 mm |
Haaptbewaffnung | 40 mm OQF 2-Pënnerkanoun |
Kleng Waffen | 2 × 7,92 mm BESA |
Beweeglechkeet | |
Motor | AEC A179 |
Leeschtung | 150 PS |
Fiederung | dräiriederegt Dréigestell mat Spiralfieder |
Héchstvitess | Strooss: 26 km/h Terrain: 13 km/h |
De Cruiser Mark II (A10) war e britteschen Tanks dee vun 1940 bis 1941 am Asaz war.
Entwécklung
ännerenD'Konzept vum Panzer gläicht deem vum Cruiser Mk I deen och vum Sir John Carden entwéckelt gouf. 1936 hunn d'Tester ugefaangen an 1937 ass d'Produktioun ugaangen. Eng 175 Panzere goufe gebaut an am Januar 1940 ausgeliwwert.
Asaz
ännerenDe Panzer war a Frankräich an am Ufank vum Wüstekrich am Kader vum Afrikafeldzuch am Asaz. Si goufen och bei der Verdeedegung vun Tobruk agesat. 60 Panzere si mam 3rd Royal Tank Regiment a Griicheland gaangen, woubäi 90% verluer gaange sinn.
Varianten
änneren'Mark II (A10 MKI) ,Mark IIA CS an de Mark IIA
Literatur
änneren- Forty, George; Jack Livesy (2006). The World Encyclopedia of Tanks & Armoured Fighting Vehicles. Lorenz Books. p. 55. ISBN 978-0-7548-1741-3.
- AFV Profile No. 6 p2
- Robert Crisp, Brazen Chariots (W.W. Norton & Co. 2005), at 15.
- "A Tankie's Travels" By Robert Watt ISBN 1-84683-021-4
- Bovington accession record
- George Forty, Jack Livesey: The complete guide to Tanks & Armored Fighting Vehicils, Southwater, 2012, ISBN-13 978-1-78019-164-5
Um Spaweck
ännerenCommons: Cruiser Mk II – Biller, Videoen oder Audiodateien |