Palomar 1
De Palomar 1 ass e Kugelstärekoup am Stärebild Cepheus am baussenzege Beräich vun der Mëllechstrooss.
Entdeckt gouf de Stärekoup am Joer 1954 vum Astronom George Ogden Abell op de Fotoe vum Palomar Observatory Sky Survey. Mat engem Alter vu 6,3 bis 8 Milliarde Joer ass hie méi jonk wéi aner Kugelstärekéip an der Mëllechstrooss. - De Kugelstärekoup huet eng héich Metallizitéit mat [Fe/H] = -0,60.
Foto, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop. | |
Stärebild |
Cepheus (Cep) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 03h 33m 20,04s |
Deklinatioun | + 79° 34' 51,8" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | +13.18 mag |
Wénkelduerchmiesser | 2′.8 |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 36,5 ± 4,2 |
Absolutten Duerchmiesser | 30 |
Alter | 6.3 to 8 Gyr |
Geschicht | |
Entdecker | George Ogden Abell |
Entdeckungsdatum | 1954 |
Et gëtt ugeholl, datt de Palomar 1 eng änlech Genesisgeschicht huet wéi d'Kugelstärekéip aus der Sagittarius-Zwerggalaxie, also beispillsweis Terzan 7, an och sou aus dëser staamt an duerch Gezäitekräfte fortgerappt gouf.