PSR B1257+12 B
De PSR 1257+12 c ass en Exoplanéit, deen all 66,54 Deeg ëm de Pulsar PSR 1257+12 kreest. Wéinst senger klenger Mass gëtt ugeholl, datt et sech ëm en terrestresche Planéit handelt. Den Exoplanéit läit ronn 980 Liichtjoer vun eis ewech am Stärebild Virgo.
Entdeckung änneren
Anescht wéi déi meescht Exoplanéite gouf dëse mat Hëllef vun der Pulsar-Timing-Method entdeckt. Den Exoplanéit gouf den 22. Januar 1992 vum Aleksander Wolszczan entdeckt.
Ëmlaf a Mass änneren
De Planéit kreest ëm säi Stär op enger Distanz vu ronn 0,36 Astronomeschen Eenheeten bei enger Exzentrizitéit vun 1,86 Prozent. Hien huet eng Mass vun zirka 4,132 Äerdmassen oder 0,01353 Jupitermassen. Säi Radius ass no Schätzungen 9.400 Kilometer grouss.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
- (en) Centre de Données astronomiques de Strasbourg SIMBAD « PSR 1257+12B »
- (en) PennState Astronomy & Astrophysics Pulsar Planets