De PSR 1913+16 (no sengen Entdecker och Hulse-Taylor-Pulsar oder Hulse-Taylor-Duebelpulsar, oder no neier Nomenklatur och PSR B1913+16 oder PSR J1915+1606) ass e Pulsar am Stärebild Aquila. Hie läit op enger Distanz vun 21.000 Liichtjoer vun eis ewech. Seng Rotatiounsperiod ass 59,03 ms, also ongeféier 17 Ëmdréiunge pro Sekonn.

Schema vun engem Duebelstäresystem, dat de kollektive Schwéierpunkt ëmkreest

Zesumme mat engem weideren, onsiichtbaren Neutronestär formt hien en Duebelstärsystem. Béid Stären hunn déi typesch Mass vun engem Neutronestär vun 1,4 Sonnemassen (1,442 vun de visuelle Pulsaren an 1,386 vun den onsiichtbare Begleeder). Si ëmkreesen de kollektive Schwéierpunkt an 7,75h. Den Periastron dréit sech ëm 4,2° pro Joer, soudatt – anescht wéi an der Schemazeechnung – sech d'Kierper net op zouen Ellipsen, mä op enger Rosettebunn beweegen (Apsidendréiung).

Déi besonnesch Bedeitung vun dësem Stäresystem läit doran, datt seng Entdecker déi ofhuelend Ëmlafzäit fir d'alleréischt zum indirekten Nowäis vu Gravitatiounswelle geméiss der Allgemenger Relativitéitstheorie gebrauchten, wat spéider mat dem Nobelpräis fir Physik geéiert gouf.

Relativistesch Effeten änneren

De Russell Alan Hulse an den Joseph Taylor hunn de Pulsar PSR 1913+16 am Joer 1974 am Arecibo-Observatoire entdeckt. Aus der Observatioun vu periodeschen Zäitverrécklunge vun de Pulsarsignaler hate si d'Bunndonneeë vum Duebelstär ofgeleet. D'Bunnbeweegung vun de grousse Massen erlaabt et, zwou Viraussoe vun der allgemenger Relativitéitstheorie z'iwwerpréiwen.

Zäitdilatatioun änneren

Zum engen haten den Hulse an den Taylor d'Zäitdilatatioun nogewisen, déi duerch d'Zouhuele vun der Massendicht am Periastron vu béide Stären optrëtt: d'Signal vum Pulsar gëtt ëm ronn 1 µs pro Sekonn méi lues (10−6).

Gravitationswellen änneren

 
Observéiert Ännerung vun der Periastronepoch op Basis vun der Ofstralung vu Gravitatiounswellen.

Zum anere verursaacht den Ëmlaf vun de béide Kierper eng netsphäresch Verrécklung vun de Massendichten, wouduerch d'System Gravitatiounsenergie a Form vu Gravitatiounswellen ofstraalt. Bis elo ass et nach net gelongen, déi Gravitatiounswellen onmëttelbar nozeweisen.

Den Hulse an den Taylor hi gewisen, datt sech d'Ofstralungsverloschter an enger Reduktioun vum Ofstand vu béide Stäre bemierkbar mécht, wat d'Folleg huet, datt sech d'Ëmlafdauer reduzéiert; dat resultéiert aus der Dréiimpulserhalung oder dem drëtte Gesetz vum Kepler. Am Joer 1979 gouf d'Verloschtquot mat −(2,40 ± 0,09) • 10−12 Sekonne pro Sekonn uginn. Vun der Pulsarentdeckung am Joer 1974 bis zu der Publikatioun vun den Donneeën am Joer 1979 hat d'Epoch vum Periastron ëm bal 2 s ofgeholl, bis 2000 waren et bal 30 s.

Den Diagramm weist d'Miesswäerter als blo Punkten; déi schwaarz Linn ass d'Virausso vun der allgemenger Relativitéitstheorie iwwer d'Ofstralung vu Gravitatiounsenergie. Theorie a Miessungen decke sech ganz gutt.

Fir den indirekten Nowäis vu Gravitatiounswelle goufen den Hulse an den Taylor 1993 mam Nobelpräis fir Physik ausgezeechent.

Mat deem am Quasar OJ 287 entdeckten duebele Schwaarze Lach gëtt et an der Tëschenzäit en zweeten Objet, an deem d'Ofstralung vu Gravitatiounswellen indirekt nogewise konnt ginn. Do ass de relativen Effet mat enger Dréiung vun der Bunnellips (Periastrondréiung) vun 39° pro Ëmlaf nach ëm e Villfacht méi staark.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren