Chargy
Chargy ass e Reseau vun ëffentlechen Opluedstatioune fir Elektro- a Plug-in-Hybrid-Gefierer zu Lëtzebuerg.


Chargy ass eng gemeinsam Mark vun alle lëtzebuergesche Stroumliwweranten (Creos, Electris, Sudstroum, Stad Dikrech a Stad Ettelbréck).
Déi éischt Statioune goufen am November 2016 virgestallt[1] a sinn zanter Juni 2017[2] am ëffentleche Raum disponibel.
E séiert Ëmklammen op d'Elektromobilitéit war ee vun den Haaptsujeten an der Rifkin-Etud[1] iwwert déi sougenannt Drëtt industriell Revolutioun an d'Lëtzebuerger Regierung huet am Februar 2016 festgehale wou a wéi vill Luedstatioune sollen opgestallt ginn[3]. All Gemeng am Land kritt op d'mannst eng Luedstatioun, woubäi d'Zuel vun de Statioune pro Gemeng a Funktioun vun der Bevëlkerung an der Zuel vun den Aarbechtsplaze variéiert. D'Borne ginn ëmmer an der Géigend vun Unzéiungspunkte wéi Industriezonen, Schoulen, touristeschen, kulturellen oder sportlechen Infrastrukturen, bei Butteker, der Gemeng oder anere Verwaltungen opgestallt.
Fir Zougang op eng Chargy-Borne ze kréie fir säin Auto oplueden ze kënnen, brauch een eng Kaart (Debit- oder Prepaid-Kaart), déi mat der mKaart kombinéiert gëtt.
Park vun de Luedstatiounen
ännerenUganks 2019 waren 277 Bornen a Betrib, wouvun der 203 op der ëffentlecher Strooss an der 43 op P+R-Plaze stinn. Dobäi kommen nach 31 Chargy-OK-Borne bei private Clienten.
Fir d'Joer 2019 sinn nach zousätzlech 200 Statioune virgesinn, a bis 2021 sollen am Ganzen 800 Borne mat allkéiers zwéin Uschlëss am Land opgeriicht sinn[2]. D'Statioun erlaabt e séiert Opluede mat tëscht 3,7 kW an 22 kW, jee no Gefier.
Den 20. Januar 2021 sinn um Kierchbierg déi éischt Borne mam Numm Super Chargy fir e séiert Oplueden installéiert ginn. Déi lueden den Auto mat enger elektrescher Leeschtung vun 160-320 kW op.[4] Bis 2023 sollen op am Ganzen 19 Plazen 88 Borne vun deem Typ opgeriicht ginn.
Den 18. Juni 2025 gouf vum Wirtschaftsministère matgedeelt, datt 666 Chargy- an 82 Super Chargy-Bornen operationell sinn[5].
Concessionnaire vun de Luedstatiounen
ännerenWell et dem EU-Recht no net méi méiglech ass, datt de Gestionnaire vum Stroumnetz och ëffentlech Opluedstatiounen besëtzt, entwéckelt, verwalt oder bedreift, gouf iwwer e Marché public en neie Concessionnaire gesicht. De Bedreiwer vun der ëffentlecher Luedinfrastruktur ass deemno vum … un a fir deng Dauer vu 7 Joer déi temporär Gesellschaft (Société momentanée) charge@lux, en Zesummeschloss vun de Firmaen Electris, Cube 4T8 a Socom.[5]
Biller
änneren-
Chargy-OK Statioun bei der Gemeng zu Bauschelt
-
Chargy-Bornen um P+R um Houwald
-
Borne fir d'Autoe vum CarloH-Service
Um Spaweck
ännerenCommons: Chargy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 Conférence de presse: Lancement de CHARGY op chargy.lu, gekuckt den 11. Mee 2019
- ↑ 2,0 2,1 Premier bilan après 18 mois d'opération du réseau de bornes de charge publiques Chargy op chargy.lu, gekuckt den 11. Mee 2019
- ↑ Règlement ministériel du 5 février 2016 fixant un plan d'implantation général pour l'infrastructure publique liée à la mobilité électrique am Memorial 20/2016, gekuckt op legilux.lu den 11. Mee 2019
- ↑ (de) Zwei Super-Chargy-Stationen in Kirchberg. Wort.lu (20.01.2021). Gekuckt den 20.01.2021.
- ↑ 5,0 5,1 (fr) Mise en concession de l'infrastructure de charge publique Chargy/SuperChargy: une étape clé dans notre transition vers une mobilité durable. gouvernement.lu (18.06.2025). Gekuckt den 18.06.2025.