Oxia Palus (Gradsecteur)

Den Oxia-Palus-Gradsecteur gehéiert zu den 30 Gradsecteure vum Mars. Si goufe vum USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-11, de Gradsecteur ëmfaasst d'Gebitt vun 0° bis 45° westlech Längt a vun 0° bis 30° südlech Breet.

Kaart vum Oxia Palus Véiereck opgestallt no MOLA-Daten. Déi héchst Plaze si rout am déi niddregst si blo.
Bild vum Oxia Palus Quadrangle (MC-11). D'Regioun huet staark kraterhalteg Héichlänner am Südosten, déi vun ettleche grousse Ausflosskanäl durchschnidde ginn, déi an de relativ glaaten Fläche vum Chryse basin am Nordwesten enden.

Den Numm kënnt vun enger Albedoformatioun um Mars, d'Géigend gouf nom Floss Amudarja genannt, deen an der Antiquitéit "Oxus" geheescht huet. De Mars Pathfinder war do gelant [1], de 4. Juli 1997. D'Kratere am dem Gradsecteur hunn hir Nimm aus dem "Who's Who" vun der Astronomie, sou gëtt et Galilei a Leonardo da Vinci, awer och Curie, Becquerel, a Rutherford.[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Oxia Palus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Koordinate vun der Landezon 19° 7′ 48″ N, 33° 13′ 12″ W7
  2. U.S. department of the Interior U.S. Geological Survey, Topographic Map of the Eastern Region of Mars M 15M 0/270 2AT, 1991