Eng Albedoformatioun, (oder Albedokennzeechen) ass e Beräich op der Uewerfläch vun engem Planéit oder engem anere Kierper am Sonnesystem dee sech wéinst engem Faarfkontrast, oder Ënnerscheeder vun der Uewerflächenhellegkeet (Albedo), vun den ugrenzende Gebidder ervirhieft.

De Planéit Mars, opgeholl mat engem Teleskop.

An der Geschicht vun der Astronomie waren Albedoformatiounen déi éischt a meeschtens och eenzeg Kennzeechen, déi gesinn a genannt goufen, sou z. B. op de Planéite Mars a Merkur. Éischt Kaarte wéi déi vum Schiaparelli hunn nëmmen déi Zeeche gewisen, eréischt mat de Raumsonde war et méiglech och aner Kennzeeche wéi Aschlagkrateren ze gesinn.[1] Op anere Planéite wéi de Mars an de Merkur ginn d'Albedoformatiounen och regio genannt. Op Himmelskierper mat enger ganz dichter Atmosphär wéi déi vun der Venus oder dem Titan si se mat normalen opteschen Observatiounsmëttelen net ze gesinn, et kënne just atmosphäresch Kennzeechen observéiert ginn. Dat éischt besonnescht Zeechen, wat op engem anere Planéit entdeckt gouf, war d'Syrtis Major um Mars. Et gouf am 17. Joerhonnert gesinn.

Wéinst den héichopléisende Fotoe vun de Raumsonden ass déi klassesch Nomenklatur op Basis vun den Albedoformatiounen eppes aus der Moud geroden, se gëtt awer weiderhi fir d'Observatioun vun der Äerd aus an der Amateurastronomie benotzt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • The Origins of Martian Nomenclature, T. L. MacDonald, 1971.
  • The Planet Mars: A History of Observation and Discovery, William Sheehan.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Ley, Willy and von Braun, Wernher The Exploration of Mars New York:1956 The Viking Press Pages 70-71 Schiaparelli's original map of Mars