Auderghem / Oudergem

belsch Gemeng
(Virugeleet vu(n) Oudergem)

Auderghem op Franséisch, Oudergem op Hollännesch, ass eng vun den 19 Gemenge vun der Haaptstadregioun Bréissel. An der Gemeng liewen 33.161 Awunner (1. Januar 2016) op 10,5 km².

Auderghem - Oudergem
Land Belsch
Regioun Haaptstadregioun Bréissel
Communautéit Franséisch Communautéit
Flämesch Communautéit
Provënz keng
Arrondissement Bréissel
Awunner 34.404 (1. Januar 2020)
Fläch 903
Koordinaten 50° 49’ 00’’ N
      04° 25’ 00’’ O
Telefonszon 02
Postcode 1160
Websäit https://www.auderghem.be

Auderghem läit am Südoste vu Bréissel a grenzt un d'Bréisseler Gemenge Watermael-Boitsfort, Ixelles, Etterbeek a Woluwe-Saint-Pierre an un d'flämesch Gemengen Tervuren an Overijse. En Deel vun der Forêt de Soignes (nl.:Zoniënwoud), dem grousse Bëschgebitt am Südoste vu Bréissel, läit an der Gemeng.

Historesch huet sech Auderghem laanscht d'Strooss vu Bréissel op Namouer entwéckelt, mam Duerfkär ronderëm d'Kapell Sainte-Anne. Fréier Abteien, d'Rout Klouschter (Rouge-Cloître - Rood Klooster)[1] an d'Probstei vu Val Duchesse (Hertoginnendal) leien do. 1863 huet Gemeng sech vu Watermael-Boitsfort lassgesot a gouf eng eegestänneg Gemeng. Bis um Ufank vum 20. Joerhonnert war Auderghem eng ländlech Gemeng, déi virun allem vun Aktivitéite ronderëm de Bësch a vu Wäschereie gelieft huet.

Val Duchesse gehéiert der Donation royale, déi et dem belsche Staat verlount, a gëtt fir Regierungskonklaven oder -empfänk benotzt. An den 1950er Joren ass do eng diplomatesch Aarbechtsgrupp zesummekomm, déi d'Réimesch Traitéen ausgeschafft huet.

Um Spaweck änneren

 
Kapell Sainte-Anne
 
Val Duchesse
 
D'Rout Klouschter (Rouge-Cloître - Rood Klooster)

Um Spaweck änneren

Commons: Auderghem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Rouge cloître" ass héchstwahrscheinlech eng falsch franséisch Iwwersetzung: Et ass unzehuelen, datt rood éischter op eng Plaz am Bësch, wou d'Beem ewechgemaach goufen, zeréckgeet.