Suezkrich

Konflikt tëscht Egypten a Groussbritannien, Frankräich an Israel am Joer 1956

D'Suezkris (och Suezkrich oder Sinai-Krich genannt) war en internationale Konflikt, deen am Oktober 1956 zu engem Loftugrëff vun enger Allianz aus Groussbritannien a Frankräich op Egypten gefouert an eng Besetzung vun der Sinai-Hallefinsel an der Gazasträif duerch déi israeelesch Arméi ausgeléist huet. Ausléiser war d'Verstaatlechung vun der Compagnie universelle du canal maritime de Suez, déi an der Haaptsaach franséisch a brittesch Actionären hat, duerch de President vun Egypten, de Gamal Abdel Nasser. De Suezkanal hat eng grouss Bedeitung fir Groussbritannien, dat e groussen Deel vu sengem Pëtrol doduerch transitéiert ass. Am Hannergrond stoungen dem Nasser seng Ambitiounen, Egypten, dat formell souverän war, aus der brittescher Aflosssphär ze befreien.

Kaart vum Verlaf vun der Interventioun

Nodeems no der Verstaatlechung Frankräich a Groussbritannien ouni Succès probéiert haten, d'Benotzungrechter um Kanal ze verhandelen, hu si decidéiert, de Gamal Abdel Nasser ze stierzen. Nom Ugrëff vu Groussbritannien, Frankräich an Israel hunn d'USA an d'Sowjetunioun déi anglo-franséisch Campagne virun d'UNO bruecht an s'esou op diplomatesche Wee dozou gezwongen, hir Truppen aus de besate Gebidder nees zeréckzezéien. Am Dezember 1956 gouf eng Friddenstrupp vun der UNO op der israeelesch-egyptescher Grenz stationéiert, an am Mäerz 1957 war d'Kris eriwwer.

D'Resultat war, datt den Nasser nach ëmmer un der Regierung war, Egypte seng Positioun am Noen Oste stäerke konnt, an Egypte sech an de Joren dono un d'Sowjetunioun rapprochéiert huet. Den Noostkonflikt gouf doduerch en Deel vum Kale Krich. Déi al europäesch Kolonialmuechten hunn do dogéint missen akzeptéieren, datt déi zwou Weltmuechte, wa se wollten, sech konnten zesummen doe fir e gemeinsaamt Zil, a si dann net vill ze radetten hätten. Fir Groussbritannien huet déi Néierlag den Ënnergank vu sengem Empire akzeleréiert; de Premierminister Anthony Eden huet wéinst dëser Humiliatioun missen zerécktrieden.

Ausserdeem huet hir Interventioun an Egypten Groussbritannien a Frankräich an e schlecht Liicht geréckelt, well se domat hir Kredibilitéit verluer haten, wéi se déi sowjetesch Interventioun an Ungarn zur selwechter Zäit verurteelt hunn.

Literatur änneren

  • Gerhard Altmann: Abschied vom Empire. Die innere Dekolonisation Großbritanniens 1945–1985. Wallstein, Göttingen 2005, ISBN 3-89244-870-1.
  • Marc R. DeVor: Die militärischen Pläne Großbritanniens und Frankreichs wärend der Suezkrise. In: Bernd Greiner (Hrsg.): Krisen im Kalten Krieg. Bundeszentrale für politische Bildung, Bonn 2009, ISBN 978-3-89331-944-2.
  • Winfried Heinemann, Norbert Wiggershaus (Hrsg.): Das Internationale Krisenjahr 1956, Polen, Ungarn, Suez. (= Beiträge zur Militärgeschichte. Band 48). Oldenbourg, München 1999, ISBN 3-486-56369-6.
  • (en) Keith Kyle: Suez: Britain's End of Empire in the Middle East. IB Tauris, London 2011, ISBN 978-1-84885-533-5.
  • (en) Barry Turner: Suez 1956: The Inside Story of the First Oil War. London 2007, ISBN 978-0-340-83769-6.

Um Spaweck änneren

Commons: Suez Crisis – Biller, Videoen oder Audiodateien