1975 - 1982
|
COS-B
|
Éischt Missioun vun der ESA, déi d'Gammastralung ënnersicht.
|
1977
|
GEOS 1
|
Geplangt ware Miessunge vun der Äerdmagnéitosphär. Wéinst engem Drorakéitefeeler ass d'Sond an eng elliptesch Bunn geroden
|
1978 - 1996
|
IUE
|
Weltraumteleskop, dat Biller am Beräich vun Ultraviolettstralung mécht, déi soss duerch d'Atmosphär absorbéiert gëtt.
|
1978
|
GEOS 2
|
Miessunge vun der Äerdmagnéitosphär am GEO. (Ersatzsatellit fir GEOS 1)
|
1983 - 1986
|
EXOSAT
|
Éischt Missioun vun der ESA, déi Röntgenstralung ënnersicht.
|
1985 - 1992
|
Giotto
|
Éischt „Deep-Space-Missioun“ vun der ESA, déi de Koméit Halley an de Koméit Grigg-Skjellerup besicht. Dobäi fënnt den Giotto fir d'éischt Spuere vun organeschem Material op engem Koméit.
|
1989 - 1993
|
Olympus
|
Fir deemoleg Verhältnesser en extreem groussen experimentellen Kommunikatiounssatellit. Et war en Héichleeschtungstelevisiounssatellit, deen am BSS-Band schafft an Experimenter am Ku-Band an am Ka-Band ausgefouert huet.
|
1989 - 1993
|
Hipparcos
|
Kartographéiert ronn 100.000 Stäre mat ganz héijer Prezisioun a méi wéi eng Millioun Stäre mat niddreger Prezisioun.
|
1991 - 2000
|
ERS-1
|
Mat dem éischten „Earth Remote Sensing“-Satellit huet bei der ESA eng nei Ära vun Äerdfernerfuerschung ugefaangen. Ausgerëscht mat sechs Instrumenter, dorënner e Synthetic Aperture Radar, e Mikrowellen-Altimeter a verschidden optesch Sensore goufe bei dëser Missioun ëmfangräich Date vum Zoustand vun den Ozeanen, der Atmosphär an der Landuewerfläch gesammelt.
|
1992 - 1993
|
EURECA
|
Déi europäesch Plattform am Raum war deen éischte rekuperéierbare Satellit vun der ESA an huet Mikrogravitationsexperimenter a villes méi gemaach. EURECA gouf mat engem Space Shuttle ausgesat, a vun engem aneren erëm agefaangen.
|
1995 - 1998
|
ISO
|
Weltraumteleskop am Infraroutberäich
|
1997 - 2005
|
Huygens
|
Am Januar 2005 lant d'Sond Huygens um gréisste Saturn-Mound, Titan, fotograféiert d'Uewerfläch a mécht cheemesch Analysen. (ESA-Bäitrag fir d'NASA/ASI-Missioun Cassini)
|
2003 - 2006
|
SMART-1
|
Eng Missioun op de Mound, déi cheemesch Zesummesetzunge bestëmme soll. Dobäi goufen och nei Technologien (beispielsweis e Ionenundriff als Haaptundriff) erfollegräich getest. Den 3. September 2006 ass Sond plangméisseg um Mound opgeschloen.
|