Ocana
Land Frankräich
Regioun Korsika
Departement Corse-du-Sud
Arrondissement Ajaccio
Kanton Gravona-Prunelli
Postcode 20117
Gemengecode 2A181
Koordinaten 41° 57’ 37’’ N
      08° 56’ 06’’ O
Fläch  2 606 ha
Bevëlkerung  394 (1999)

Ocana ass eng franséisch Gemeng op der Insel Korsika.

D'Uertschaft läit um rietsen Uwänner vum Floss Prunelli, op enger Durchschnëttshéicht vun 350 Meter. Déi déifst Plaz ass am Dall vum Prunelli mat 36 Meter an déi héchst ass op 1 311 Meter.

Duerch d'Uertschaft féiert eng schmuel Departementsstrooss, d'D3. Vun den Haiser déi zum gréissten Deel aus rosaem Granit gebaut sinn, hunn der en ettlech verwëlleft Passagen.

Vum Schlass aus dem 14. Joerhonnert sinn nach just d'Ruinen ze gesinn. D'Kierch Saint-Michel mat dem véiereckegen Tuerm donieft, steet e bësselchen aus der Uertschaft eraus op enger Kopp.

Am Dall vum Prunelli ass e klenge Séi mat engem Barrage, an an de Bierger leien e puer Wéngerten déi zu der AOC Côteaux d'Ajaccio gehéieren.

Eng bekannt Plaz ass de 715 Meter héije Col de Mercujo mat senge kuerze Serpentinnen tëscht Tolla an Ocana, vu wou aus ee bei klorem Wieder, eng gutt Vue an d'Griecht vum Prunelli huet an dann hannendrun an de méi breeden Dall, an op d'Bucht vu Porticcio.

Ocana vun Norde gesinn

Kuckt och änneren