Tolla ass eng franséisch Gemeng op der Insel Korsika.

Tolla

Land Frankräich
Regioun Korsika
Departement Corse-du-Sud
Arrondissement Ajaccio
Kanton Gravona-Prunelli
Postcode 20117
Gemengecode 2A326
Koordinaten 41° 58’ 34’’ N
      08° 58’ 23’’ O
Fläch  2 545 ha
Bevëlkerung  98 (1999)

Tolla läit um rietsen Uwänner vum Séi vun Tolla, op enger Durchschnëttshéicht vu 715 Meter. Déi déifst Plaz ass am Dall vum Prunelli mat 222 Meter an déi héchst ass op 1 507 Meter op der Punta Aculone.

Déi kleng Uertschaft ass markéiert duerch seng Lag am géien Hank dee vun der Punta d'Antraca mat 1 300 Meter op de Séi eroffält. Duerch d'Uertschaft féiert eng schmuel Departementsstrooss d'D3, a soss gëtt et just e puer Gassen an der Uertschaft, a vill Trapen, tëscht den Haiser déi zum gréissten Deel aus rosaem Granit gebaut sinn.

De Séi vun Tolla ass Enn vun de 50er an uganks vun de 60er Joren entstanen, wéi d'EDF um Laf vum Prunelli, deen do duerch eng déif Griecht leeft, en 88 Meter héije Staudamm opgeriicht huet fir Stroum ze produzéieren.

Eng bekannt Plaz ass de 715 Meter héije Col de Mercujo mat senge kuerze Serpentinnen tëscht Tolla an Ocana, an an der Griecht vum Prunelli, kann een en ettlech intressant Fielsforme gesinn.

Op de géien Häng ëm d'Uertschaft, leien e puer Wéngerten, an deenen e roude Wäi produzéiert gëtt, deen zu der AOC Côteaux d'Ajaccio gehéiert.

Tolla vun Nordoste gesinn

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Tolla – Biller, Videoen oder Audiodateien