Observatoire de Haute-Provence

Den Observatoire de Haute-Provence (OHP) ass en Observatoire um Héichplateau vu Saint-Michel-l'Observatoire am Südoste vu Frankräich, deen am optesche Beräich schafft. Hien huet dräi grouss Spigelteleskope mat 1,2 bis 2 m Ëffnung.

Den 193-cm-Teleskop vum Observatoire

Den OHP gouf 1937 als national Ariichtung fir déi franséisch Astronomie gegrënnt an hat 1943 mam 1,20-m-Teleskop de Betrib opgeholl. Den OHP läit am Südoste vu Frankräich, ronn 90 km ëstlech vun Avignon an 100 km nërdlech vu Marseille, op engem Plateau an enger Héicht vu 650 m. D'Observatiounsbedéngunge si mat ronn 60 % ausnotzbaren Nuechten an engem Seeing ëm 2" zefriddestellend fir eng kontinentaleuropäesch Standplaz. Beim Mistral verschlechtert sech de Seeing erhieflech.

Teleskopen änneren

Déi véier Haaptinstrumenter vum OHP si Spigelteleskopen:

  • Den 1,93-m-Teleskop gouf vum Grubb-Parsons gebaut an am Joer 1958 installéiert. Seng bedeitendst Entdeckung ass déi vum éischten Exoplanéit déi de Michel Mayor an den Didier Queloz mat Hëllef vum ELODIE-Spektrograph 1995 gemaach hunne.
  • Den 1,52-m-Teleskop ass bal identesch zum fréieren 1,52-m-Teleskop vum ESO op La Silla. Hien ass zanter 1967 a Betrib an déngt haaptsächlech fir spektroskopesch Ënnersich.
  • Den 1,20-m-Teleskop gouf als éischten op der Standplaz installéiert an ass zanter 1943 a Betrib. Virdru gouf e vun 1872 un am Paräisser Observatoire bedriwwen.
  • Den 0,80-m-Teleskop gouf vun 1932 un am noe Forcalquier fir Tester vun Observatiounsbedingungen an der Regioun benotzt an 1945 an den Observatoire verluecht.

Weider Teleskopen op der Standplaz vum OHP gi vum Genfer Observatoire a vum CNES bedriwwen.

Geophysik änneren

Um Terrain vum Observatoire sinn och zwou Statioune fir geophysikalesch Fuerschung. Eng Grupp ënnersicht d'Mesosphär an d'Thermosphär, eng weider benotzt de LIDAR fir de Studium vun zum Beispill Aerosol- ond Ozongehalt an der Troposphär an an der Stratosphär.

Um Spaweck änneren


Astronomesch Observatoiren, Instituter an Installatiounen a Frankräich
 
Pic du Midi

Observatoiren: Bordeaux - Calern - Côte d'Azur - Haute-Provence - Juvisy-sur-Orge - Lyon - Les Makes - Marseille - Meudon - Nançay - Nice - Paräis - Pic du Midi de Bigorre - Des Pises - Sorbonne - Stroossbuerg - Midi-Pyrénées - Toulouse - Triel-sur-Seine

Centres de recherche, Laboratoiren an Instituter: Centre de recherche fir Geodynamik an Astrometrie - CLIMSO - Astrophysesche Centre de recherche vu Lyon - Astrophysescht Institut vu Paräis - Astrophysesche Laboratoire vu Grenoble - Centre de données astronomiques de Strasbourg - Versailles SQY

Aner Installatiounen: Interferometer um Plateau de Bure -Teleskop Bernard Lyot - Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon

Kuckt och:   Portal Astronomie