Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon

De Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon ass e 36,47 Meter héije Stolbëtongstuerm um Areal vum Observatoire vu Meudon, an deem sengem Observatiounsraum e Spektrograph fir d'Ënnersiche vum Sonneliicht agebaut ass.

Sonnenobservatiounstuerm vum Observatoire Meudon

De Sonnenobservatiounstuerm gouf an de Joren 1964/65 opgeriicht. Hien huet e Schaftduerchmiesser vu 6,6 Meter an dréit an 30,57 Meter Héicht en Observatiounsraum mat 18,4 Meter Duerchmiesser. Well deen am Tuerm installéierte Spektograph och bei staarkem Wand keng Schwankunge weise soll, besteet den Tuerm aus zwéin anenee verschachtelte konzentresche Stolbëtongsréier, déi duerch eng 10 Zentimeter breet Loftspléck getrennt sinn.


Astronomesch Observatoiren, Instituter an Installatiounen a Frankräich
Pic du Midi
Pic du Midi

Observatoiren: Bordeaux - Calern - Côte d'Azur - Haute-Provence - Juvisy-sur-Orge - Lyon - Les Makes - Marseille - Meudon - Nançay - Nice - Paräis - Pic du Midi de Bigorre - Des Pises - Sorbonne - Stroossbuerg - Midi-Pyrénées - Toulouse - Triel-sur-Seine

Centres de recherche, Laboratoiren an Instituter: Centre de recherche fir Geodynamik an Astrometrie - CLIMSO - Astrophysesche Centre de recherche vu Lyon - Astrophysescht Institut vu Paräis - Astrophysesche Laboratoire vu Grenoble - Centre de données astronomiques de Strasbourg - Versailles SQY

Aner Installatiounen: Interferometer um Plateau de Bure -Teleskop Bernard Lyot - Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon

Kuckt och: Portal Astronomie