Centre de données astronomiques de Strasbourg

De Centre de Données astronomiques de Strasbourg (CDS) ass en Institut zu Stroossbuerg, dat verschidden astronomesch Datebanke bedreift an iwwer den Internet weltwäit zougänglech mécht. Fréier war et ënner der Bezeechnung Centre de Données Stellaires bekannt, den neien Numm spigelt dee vergréisserten Aufgabeberäich erëm denn iwwer d'Stären erausgeet.

Den CDS bedreift ënner anerem d'SIMBAD-Datebank mat Eegenschaften a Literaturdonnéeën iwwer Himmelsobjeten, haaptsächlech an eiser Mëllechstrooss.

D'VizieR-Datebank am CDS bitt Astronomen en zentralen an homogeenen Zougank op vill Katalogen an Datesammlungen aus der astronomescher Literatur.

Den CDS ënnersteet dem Centre national de la recherche scientifique an ass am Observatoire vu Stroossbuerg, deen zu der Universitéit Stroossbuerg gehéiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren


Astronomesch Observatoiren, Instituter an Installatiounen a Frankräich
 
Pic du Midi

Observatoiren: Bordeaux - Calern - Côte d'Azur - Haute-Provence - Juvisy-sur-Orge - Lyon - Les Makes - Marseille - Meudon - Nançay - Nice - Paräis - Pic du Midi de Bigorre - Des Pises - Sorbonne - Stroossbuerg - Midi-Pyrénées - Toulouse - Triel-sur-Seine

Centres de recherche, Laboratoiren an Instituter: Centre de recherche fir Geodynamik an Astrometrie - CLIMSO - Astrophysesche Centre de recherche vu Lyon - Astrophysescht Institut vu Paräis - Astrophysesche Laboratoire vu Grenoble - Centre de données astronomiques de Strasbourg - Versailles SQY

Aner Installatiounen: Interferometer um Plateau de Bure -Teleskop Bernard Lyot - Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon

Kuckt och:   Portal Astronomie