Sir Howard Grubb, Parsons and Co.
De Sir Howard Grubb, Parsons and Co. Ltd., och bekannt ënner dem Numm Grubb Parsons war e Fabrikant vun Teleskope zu Newcastle upon Tyne.
D'Firma gouf 1833 zu Dublin vum Thomas Grubb ënner dem Numm Grubb Telescope Company gegrënnt.[1] Säi Jong Howard Grubb hat sech 1864 ugeschloss. D'Entreprise war 1925 a finanziell Schwieregkeete geroden, a gouf vum Sir Charles Parsons opkaf an ëmgenannt.[2]
Bedeitend Teleskopen
ännerenD'Firma hat eng Rei vun Teleskope gebaut, vun deenen der en ettlech zu de gréisste vun hirer Zäit gehéiert hunn. Déi gréisst Spigelteleskope sinn
- 170 inch William Herschel Telescop, 1985
- 154 inch Optik an Tubus vum Anglo-Australian Telescope, 1974
- 150 inch UKIRT, 1976
- 100 inch Haaptspigel vum Isaac Newton Telescope am Roque de los Muchachos Observatoire
- 98 inch Haaptspigel, Royal Greenwich Observatoire, 1967
- Mechanik vum 1,93 m Teleskop am Observatoire de Haute-Provence
- 74 inch David Dunlap Observatoire, 1935
- 74 inch Radcliffe Telescope vum Radcliffe Observatoire, 1948, zanter 1977 am South African Astronomical Observatory
- 74 inch Mount-Stromlo-Observatoire, 1955
- 74 inch Okayama Astrophysical Observatory, 1960
- 74 inch Spigelteleskop vum Kottamia Astronomical Observatory, 1963
- 1,8 m Haaptspigel vum Copernico-Teleskop, 1969
- 48 inch Achromatesch Schmidtplack vum Oschin-Schmidt-Teleskop, ëm 1980
- 48/72 inch Schmidtkamera, 1973
woubäi et sech bei den zwéi leschtgenannten ëm Schmidtkameraen handelt. Och am 19. Joerhonnert hat d'Entreprise bedeitend Teleskope gebaut. Den
- 48 inch Teleskop vum Melbourne Observatoire, 1869, war dat zweetgréisst Teleskop zu senger Zäit, nom Leviathan, dat vum Papp vum Charles Parsons konstruéiert war an him a Bezuch op de Metallspigel geglach huet. Doriwwer eraus goufen och eng Rei vu Refraktere gebaut, sou war de 27 inch vum Universitéitsobservatoire Wien, 1878 dat gréisst Lënsenteleskop vu senger Zäit, nëmmen iwwertraff vun den zwéi virdru genannten Teleskopen.