Eng Wab ass eng Zell vun engem Muster, dat aus sechseckegen Huelraim zesummegesat ass.

Beiewaben

Am enke Sënn ass domat en Deel vum Nascht vun de Beie gemengt, deen aus Wuess besteet an an deem d'Eeër an d'Larve gezillt ginn an den Hunneg versuergt gëtt.

Och aner Insekte baue Waben, z. B. Bommelen oder d'Harespelen, déi awer net sou gläichméisseg gebaut si wéi déi vun de Beien. Den Harespelen hir Wabe sinn aus zermautschtem Holz, wat hinnen eng Konsistenz gëtt, déi dem Pabeier gläicht.

honeycomb-
Panel (Fliger-Konstruktioun)

D'Wabe sinn eng quasi optimal Form, wat de Rapport tëscht dem Material fir d'Wänn an dem Volume ugeet, a ginn dofir och an der Technik agesat, z. B. fir Konstruktiounen ze stabiliséieren.