Den Nordamerikaniwwel (och als NGC 7000 bezeechent) ass en diffuse Gasniwwel am Stärebild Cygnus.

Amateurastronomesch Foto vum Nordamerikaniwwel

Säin Numm krut e wéinst senger Form, déi un eng Landkaart vum nordamerikanesche Kontinent erënnert. Um Himmel ass den Niwwel mat 120-mol 100 Bouminutten zimmlech ausgedeent (de Vollmound huet en Duerchmiesser vun zirka 30'). Hien ass relativ einfach ze fannen, well en eppes méi westlech vum helle Stär Deneb (α Cygni) am Cygnus (Schwan) steet.

De Gasniwwel ass tëscht 2.000 an 3.000 Liichtjoer ewech (seng genee Distanz ass nëmme schwéier ze bestëmmen) a besteet haaptsächlech aus Waasserstoff, deen deelweis a ioniséierter Form (HII) optrëtt, a siichtbart Liicht a Form vun déifrouder Stralung emittéiert. Op laang beliichte Fotoen erschéngt den Niwwel dofir intensiv rout. Déi visuell Observatioun vum Niwwel ass allerdéngs trotz senger Hellegkeet vu 6m zimmlech schwiereg.

Den Nordamerikaniwwel gouf am Joer 1891 vum däitschen Astronom Max Wolf a sengem privaten Observatoire zu Heidelberg mat sengem 6"-Duebelastrograph entdeckt. D'Entdeckung war eng vun deenen éischte mat Hëllef vun der Astrofotografie.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren