Noachis Terra ass eng ausgedeent, verkratert Héichlandregioun um Planéit Mars. Hiren Zentrum läit bei 45° Süd an 10° Ost. D'Regioun streckt sech iwwer ronn 4800 Kilometer tëscht de risege Aschlagbecken Argyre Planitia am Westen an Hellas Planitia am Osten. Si gouf 1979 nom Noah, dem biblesche Bauer vun der Arch geanannt.

Noachis Terra
Sanddünen um Buedem vun engem Krater am Gebitt Noachis Terra.
Eegenschaften
Regioun Héichland Noachis Terra
Breet a Längt ♁45° 0′ S, 10° 0′ O
Gréisst 4800 km
Alter 3.500.000.000 Joer
Entdecker Opportunity
Genannt nom Noah, deen d'Arch gebaut huet

Noachis Terra gehéiert zu de geologesch eelste Formatiounen um Mars an ass virun 3,8 bis 3,5 Milliarde Joer, wärend der no hir genannter Noachescher Period, entstanen. Zu deem Zäitpunkt war d'Uewerfläch vum Planéit engem heftege Bombardement vun Asteroiden a Koméiten ausgesat.

Déi ganz Regioun ass mat Impaktkrateren iwwerséit. Déi gréisst (Greene, Darwin, Lohse, Kaiser, Proctor) hunn Duerchmiesser tëscht 100 an 200 Kilometer.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Noachis Terra – Biller, Videoen oder Audiodateien