Den Hellas Planitia, ass de gréissten Impaktkrater um Planéit Mars an nom Südpol-Aitken-Becken um Äerdmound warscheinlech den zweetgréissten an eisem Sonnesystem. Hie gouf no Hellas, dem eegenen Numm fir Griicheland genannt.

Hellas Planitia
Den Hellas Planitia, opgeholl a Falschfaarwen.
Eegenschaften
Regioun Hellas Planitia
Breet -42,4
Längt 70,5
Duerchmiesser 2200 km
Déift 7152 m
Alter ongeféier 3,9 bis 3,5 Mrd. Joer
Entdecker
Genannt no Hellas, dem Eegennumm
vu Griicheland

Beschreiwung änneren

De Marskrater ass op der südlecher Hemisphär vum Planéit. Hien huet eng elliptesch Form mat enger Gréisst vun ongeféier 2.200 × 1.600 km an ass mat enger Déift vu bis zu 9 km déi déifst Regioun um Mars. Ëm de Krater verleeft e Rank aus opgeworfenem Material vu ronn 2 km Héicht.

Nordëstlech vum Hellas Planitia läit de Vulkan Hadriacus Mons. D'Hadriaca Patera, déi 66 km grouss Caldera vum Vulkan, läit bei 30° 12′ S, 92° 47′ O7. Um südlechen Hank vum Vulkan fänkt de Stroumdall vum 794 km laange Dao Vallis (37° 37′ S, 88° 53′ O7) un a reecht bis zum ëstleche Grond vum Marskrater. Den Dao Vallis gëtt duerch dat 360 km laangt Niger Vallis (34° 58′ S, 92° 34′ O7), dat um südëstlechen Hank vum Vulkan ufänkt, verläengert. Ëstlech vum Hellas Planitia fänkt de 527 km laange Stroumdall Harmakhis Vallis (40° 59′ S, 90° 4′ O7) un, deen och bis zum ëstleche Grond vum Marskrater verleeft.

Entwécklung änneren

Den Hellas Planitia entstoung warscheinlech viru ronn 3,9 bis 3,5 Mrd. Joer, an der Noachescher Period, duerch den Aschlag vun engem kilometergroussen Asteroid.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Hellas Planitia – Biller, Videoen oder Audiodateien