Nicolas Wolff (1920)

Lëtzebuergesche Resistenzler
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Resistenzler a Gendaarm Nicolas Wolff. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Wolff.

Den Nicolas Wolff, gebuer den 20. November 1920 zu Colmer-Bierg a gestuerwen de 15. Abrëll 1982, war e Lëtzebuerger Refractaire a Resistenzler[1], deen am KZ Buchenwald war an duerno an d'Ausselager an SS-Führerschule Arolsen koum.[2] De 4. Juni 1944 ass hien zesumme mam Lëtzebuerger Pierre Schaul, dem Belsch Fernand Labalue an dem Pol Adolf Korzynski geflücht.

Nicolas Wolff

Dës aussergewéinlech Flucht[3] gouf 2024 am Film Operatioun Pauly vum Marc Thoma dokumentéiert.

Virum Krich hat den Nicolas Wollf als Autoschlässer geléiert an hat sech kuerz virdrun an d'Fräiwëllegekompanie gemellt.

De 4. Dezember 1940 gouf déi ganz Kompanie mat hire ronn 460 Memberen als Polizei-Ausbildungs-Bataillon (L) an d'Schutzpolizei op Weimar bruecht fir ëmgeschoult ze ginn. No der sougenannter Ëmerzéiung koum hie mat aneren op Köln fir als Schupo an den Asaz ze kommen. Enn Oktober 1941 goufen si a Jugoslawien geschéckt an hunn do mat Partisane Kontakt opgeholl. D'Lëtzebuerger hu geschlossen hir Demissioun an der däitscher Polizei agereecht. Bis dohi haten si nach net den Eed op den Hitler geleescht. Si koumen zu Graz an de Prisong. Enn Januar 1942 koumen si op Wien an de Rossauer Lände Prisong. Hei sollten si virun en SS-Geriicht kommen a goufen si zu Schutzhaftbefehl verurteelt, wat Prisong op onbestëmmten Zäit geheescht huet. No Wien koumen si an d'Prisongen vu Linz, Prankraz bei Prag, Dresden, Leipzig a Weimar fir duerno an KZ Buchenwald ze kommen. Well hien an de Pierre Schaul Fluchtpläng haten, hunn si sech an d'Ausselager Arolsen gemellt.

Nom Krich ass hien an d'Gendarmerie gaangen an ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Den Nicolas Wolff op "Ons Jongen a Meedercher". Gekuckt de(n) 30.9.2024.
  2. Akte von WOLFF, NIKOLAUS, geboren am 08.04.1920. Arolsen Archives. Gekuckt de(n) 30.9.2024.
  3. Die abenteuerliche Flucht von vier KT-Häftlingen aus dem Außenlager Arolsen.. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 30.9.2024.