Nicolas Thurm

lëtzebuergeschen Dokter

Den Nicolas Thurm, gebuer de 24. Januar 1899 zu Ierpeldeng bei Ettelbréck a gestuerwen den 3. September 1947 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Dokter, Botaniker a Geolog.

Nicolas Thurm
Gebuer 24. Januar 1899
Ierpeldeng
Gestuerwen 3. September 1947
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker, Geolog, Dokter

Liewen änneren

Den Nicolas Thurm, deen zu Alger, Stroossbuerg, München a Paräis Medezin studéiert hat, huet sech am August 1924 zu Wuermer als Dokter etabléiert. Wärend dem Zweete Weltkrich huet hie Refraktäre gehollef an nom Krich huet d'Ligue «Ons Jongen» him eng Éiereplaquette iwwerreecht.

Wéi Wuermer ufanks Oktober 1944 evakuéiert gouf[1], huet den N. Thurm sech an d'Stad Lëtzebuerg zeréckgezunn. De Retour vun den evakuéierten Leit gouf eréischt vum 8. Mäerz 1945 un erlaabt.[2] Well seng Wunneng am Laf vun de Kämpf schwéier beschiedegt gi war a seng Gesondheet nogelooss huet, huet den Nicolas Thurm seng Praxis zu Wuermer opginn an eng nei Praxis an der Aldrengerstrooss an der Stad opgemaach, wou hie spéitstens am Juli 1945[3] installéiert war. Hei konnt hie sech méi schounen, wéi um Land. Dem Thurm säin Nofollger zu Wuermer war den Dr. Charles Wagner.[4]

Den 30. Mäerz 1946 ass den Nicolas Thurm « médecin directeur de la Santé publique» ginn[5]; an där Funktioun war hien och administrativen Direkter vum Thermalbad Munneref.[6]

Den N. Thurm war Member vum Kommitee vun der «Société d'hygiène sociale et scolaire». 1945 gouf hie Member vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal.

Nieft der Medezin huet den Nicolas Thurm sech fir Botanik a Geologie intresséiert an huet op deene Gebidder och publizéiert, virun allem am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois, wou hie Member war. Den Thurm, deen am Joer 1940 zu Montpellier de grousse Phytosoziolog Josias Braun-Blanquet kennegeléiert hat, war ee vun de Pionéier vun der Phytosoziologie zu Lëtzebuerg, wou hien deen éischte war, dee phytosoziologesch Relevéë gemaach huet.[7]

Wéinst senge Meritten am 2. Weltkrich gouf dem Thurm posthum d'Médaille de la reconnaissance nationale[8], déi eréischt 1968 kreéiert gouf, konferéiert. De Gemengerot vu Wuermer huet den 8. Januar 1973 decidéiert, d'Plaz am Lieu-dit «Rondel» den Numm «Place Dr Nic. Thurm» ze ginn.[9] Donieft gouf op dëser Plaz e Monument zu Éiere vum Dr. Thurm opgeriicht, dat den 29. Abrëll 1973 ageweit gouf.[8]

Publikatiounen änneren

  • Thurm, N., 1934. Hundert Jahre Darwin. In: 25me anniversaire de l'Association pour l'éducation populaire Esch-sur-Alzette, S. 37-41.[10]
  • Thurm, N., 1938. Quelques traits du relief des bords de la Moselle. Excursion de la S.N.L. du 12 juin 1938. Avec un appendice floristique et faunistique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 48(1938), S. 214-225.
  • Thurm, N., 1946. Le genre Epipactis dans notre flore. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 1946, Livre jubilaire, fasc. 2, S. 59-61.
  • Thurm, N., 1946. Cypripedium calceolus L. et Epipactis microphylla Swart. dans le Grand-Duché de Luxembourg. Lejeunia 10 (3), S. 17-20.
  • Thurm, N., 1946. [La question de la distribution des cailloux granitiques des terrasses fluviatiles de notre Moselle]. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 51(1940/46), S. 26-27.
  • Thurm, N., 1946. [Discussion des hypothèses morphologiques sur la vallée de l'Alzette établies par M. Flohn, Beiträge zur Talgeschichte Luxemburgs, 1933]. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 51(1940/46), S. 27-28.
  • Thurm, N., 1947. [Liste des essences sur lesquelles le Gui a été observé au Grand-Duché dans les dernières années]. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 52(1947), S. 77-78.
  • Thurm, N., 1949. Sur la dispersion du Gui dans le Grand-Duché de Luxembourg. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques 18 (1948-1949), S. 71-78.
  • Thurm, N., 1952. Cypripedium calceolus L. et Epipactis microphylla Swart. dans le Grand-Duché de Luxembourg. In: Travaux de Botanique et de Pharmacognosie dédiés à Fernand Sternon, Liège 1945-1952. Éd. Lejeunia, Liège, S. 97-100 [dee selwechten Text wéi bei Thurm 1946, Lejeunia 10].

Literatur änneren

  • Engel, M., 1973. Ein Landarzt. In: Inauguration du Monument Dr. Nic. Thurm: Wormeldange 29 avril 1973. Grevenmacher, S. 29-36.
  • Engel, M., 1973. Das dankbare Moseldorf: Wormeldingen ehrt seinen Arzt. d'Letzeburger Land 1973, Nr. 18 (4. Mai), S. 4, 6. (mat ë. a. engem Text vum Robert Stumper).
  • Grégoire, P. et al., 1973. Inauguration du monument Dr. Nic. Thurm: Wormeldange, 29 avril 1973. Grevenmacher, Faber, 60 S. (Wormeldénger Muselbicher, 10).
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Eigenverlag, Luxemburg. Band 3 (S-Z), S. 1343-1757, 2-23, [1] [N. Thurm: S. 1570-1572].
  • Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 5-214 [Nicolas Thurm: S. 170-171].
  • Molitor, L., 1973. Le Dr. Thurm et la « Santé publique ». In: Inauguration du Monument Dr. Nic. Thurm: Wormeldange 29 avril 1973. Grevenmacher, S. 23-28.
  • Stumper, R., 1947. Le Docteur Nicolas Thurm, 1899-1947. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 52 (1947): 61-67 [id. in: Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques 17 (1947), S. 31-36].
  • Stumper, R., 1967. Le Docteur Nicolas Thurm (1899-1947). d'Letzebuerger Land 1967, Nr. 35 (1. September): 7.
  • Stumper, R., 1973. Le Docteur Nicolas Thurm, 1899-1947. In: Inauguration du Monument Dr. Nic. Thurm: Wormeldange 29 avril 1973. Grevenmacher: 15-21.

Referenzen änneren

  1. Muller, P.J., 1968. Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Luxembourg, S. 403.
  2. Escher Tageblatt 1945, Nr. 53 (6. Mäerz), S. 2 (Mitteilung)
  3. Escher Tageblatt 1945, Nr. 170 (28. Juli), S. 1 (Aus der Hauptstadt: Sonndesdengscht vun den Dokteren). [1]
  4. Luxemburger Wort 1945, Nr. 263 (20. September), S. 3 (Aus dem Wënzereck: Wormeldingen). [2]
  5. Molitor 1973, S. 26.
  6. Tageblatt 1947, Nr. 202 (4. September), S. 5 (Dr. Thurm †).
    Meisch, Guy, 1997. 150 ans de thermalisme à Mondorf-les-Bains. In: M. Gerges: Mondorf: son passé, son présent, son avenir. Luxembourg, S. 77.
  7. Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 133.
    Ries, C., 2003. Pflanzensoziologie in Luxemburg. Vorläufiger Überblick. Musée national d'histoire naturelle, Luxemburg, S. 18-20 (net publizéiert).
  8. 8,0 8,1 Kugener 2005, S. 1571.
  9. Grégoire et al. 1973, S. 43.
  10. Kuck: Massard, J.A. & G. Geimer 2009. Luxemburg und der Darwinismus, ein historischer Rückblick. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 110, S. 31s.