Josias Braun-Blanquet
De Josias Braun-Blanquet (eigentleche Familljennumm: Braun), gebuer den 3. August 1884 zu Chur (Schwäiz), a gestuerwen den 20. September 1980 zu Montpellier, war e Schwäizer Botaniker.
Josias Braun-Blanquet | |
---|---|
Gebuer |
3. August 1884 Chur |
Gestuerwen |
20. September 1980 Montpellier |
Nationalitéit | Schwäiz |
Educatioun | Universitéit vu Montpellier |
Aktivitéit | Botaniker, Biolog, Universitéitsprofesser |
Member vun | Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Section des sciences de l'IEC, Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften |
Hien ass de Grënner vun der Station internationale de géobotanique méditerranéenne et alpine (SIGMA) vu Montpellier an ee vun de grousse Pionéier vun der Phytosoziologie. Zu Montpellier huet hie d'Gabrielle Blanquet kennegeléiert a sech 1915 mat hir bestuet. Vun do un huet hie seng Publikatioune mat « Braun-Blanquet » signéiert.
Säin Haaptwierk ass d'Buch Pflanzensoziologie. Grundzüge der Vegetationskunde (1. Oplo 1928, 2. Oplo 1951, 3. Oplo 1964), dat op Englesch a Spuenesch iwwersat ginn ass.
De Braun-Blanquet stoung a perséinlechem Kontakt mam Nicolas Thurm, deen hien 1940 zu Montpellier kennegeléiert hat, grad sou wéi de François Léon Lefort.[1] De Léopold Reichling huet 1948 an 1949 e Stage zu Montpellier gemaach, fir sech ënner der Leedung vum Braun-Blanquet an dem Louis Emberger mat de Methode vun der Phytosoziologie ze familiariséieren.[2]
Literatur
änneren- de Bolos, O., Josias Braun-Blanquet, Coire 1884 - Montpellier 1980. Vegetatio 48, S. 193-196.
- Guinochet, M., 1982. Josias Braun-Blanquet (1884–1980). Bulletin de la Société botanique de France 129 (1), S. 73-76. [1]
- Lefort, F.L. & L. Reichling, 1949. Qu'est-ce que la carte des groupements végétaux du Luxembourg? Les Cahiers luxembourgeois 21 (1949) (7-8), S. 165-176.
- Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302.