Newborn (Monument)

Monument zu Pristina

Newborn (dacks als NEWBORN stiliséiert) ass den Numm vun engem Monument zu Pristina, der Haaptstad vum Kosovo. Et ass de 17. Februar 2008 um Dag vun der unilateraler kosovarescher Onofhängegkeetserklärung vu Serbien der Ëffentlechkeet presentéiert ginn a gehéiert zanterhier zu de bekanntste Monumenter an der Stad, dat ënner anerem och verschidde renomméiert Präisser krut.

Newborn
D'Monument een Dag nom Devoilement (2008)
Typ Monument
Land Kosovo
Gemeng Pristina
Koordinaten 42°39'26"N, 21°9'27"O
Héicht 3 m

D'Iddi an d'Entstoe vum Monument änneren

D'Monument besteet aus siwe Groussbuschtawen aus 4 Millimeter décke Metallplacken déi fräi stinn a vun Eisekaderen zesummegehale ginn, an zesummen dat englescht Wuert "Newborn" bilden[1]. "Newborn" kann een als "Neigebuerent" (Nomen) oder "nei gebuer" (Adjektiv) iwwersetzen. All Buschtaf ass dräi Meter héich a 0,9 Meter déif. Zesumme si se 24 Meter laang a weien néng Tonnen[2]. D'Iddi dofir ass dem kënschtlereschen Direkter vun der Marketingsagence Ogilvy Kosova, dem Fisnik Ismaili, eréischt zéng Deeg virun der offizieller Erklärung komm, an et gouf ugefaangen d'Monument ze bauen éier et iwwerhaapt sécher war, datt d'Organisateure vun den Onofhängegkeetsfestivitéiten d'Käschten dofir géifen iwwerhuelen. Nach iwwer dem Baue gouf et begeeschterte Vertrieder vun der Regierung presentéiert, déi déi néideg Fongen zesummebruecht hunn an d'Enthülle vum Monument zum offiziellen Deel vun der Onofhängegkeetsmanifestatioun gemaach hunn.[3]

D'Createuren hu sech fir dat englescht Wuert entscheet well et nëmme positiv Konnotatiounen huet an d'Wierder "new" a "born" einfach ze verstoe si fir Leit déi net vill Englesch schwätzen. De Kosovo sollt als neit, zäitgenëssescht a modernt Land presentéiert ginn. Dofir ass d'Monument och giel ugestrach ginn, well déi Faarf zesumme mat bloe Bännercher souwuel d'Faarwe vum neie kosovaresche Fändel wéi och d'Faarwe vun der Europäescher Unioun duerstellen. Als Deel vun der Promotioun goufen d'Sloganen "NEW life is BORN" (Neit Liewen ass gebuer), "NEW hope is BORN" (Nei Hoffnung ass gebuer), "NEW future is BORN" (Nei Zukunft ass gebuer) an "NEW country is BORN" (Neit Land ass gebuer) ausgewielt[4].

Déi offiziell Presentatioun änneren

 
NEWBORN mat de Fändele vun all de Länner déi dem Kosovo seng Onofhängegkeet unerkennen (2013)

Newborn gouf am Zentrum vu Pristina op der Plaz virum Jugend-, Kultur- a Sportpalast opgeriicht. Um Dag vun der Onofhängegkeetserklärung gouf Newborn ënner dem Applaus vun Dausende Spectateure mam Lidd Feeling Good vum Michael Bublé am Hannergrond devoiléiert a fir d'éischt vum deemolege President an dem deemolege Premierminister signéiert. Wärend den Deeg drop hu méi wéi 150 000 aner Leit hir Ënnerschrëften um Monument gelooss.

Spéideren Design änneren

 
D'Monument am Camouflage-Look (2014)

Am Februar 2013 hat eng Regierungskommissioun decidéiert, Newborn fir de fënnefte Joresdag vun der Onofhängegkeetserklärung erëm nei giel unzemolen, ouni dobäi de Kënschtler oder de Public ze froen[5]. De Fisnik Ismaili huet doropshin en Opruff iwwer Facebook gemaach d'Monument mat de Fändele vun alle Länner unzemolen, déi d'Onofhängegkeet bis dohin unerkannt haten, also och mam Lëtzebuerger Fändel. 150 Fräiwëlleger hunn d'Monument an nëmmen e puer Deeg neigestallt. Zousätzlech si fënnef Plaze wäiss gelooss gi mat just den Nimm vun de fënnef Memberlänner vun der Europäescher Unioun, déi d'Onofhängegkeet nach net unerkannt hunn (Zypern, Griicheland, Slowakei, Spuenien a Rumänien)[6],[7].

Am Februar 2014, fir de sechste Joresdag vun der Onofhängegkeet, krut d'Monument e militäresche Camouflage-Look verpasst, op dee spéider nach Häerzer gemoolt goufen[8].

International Receptioun änneren

Den Dag no der Enthüllung huet eng Foto vum Monument et bis op d'Titelsäit vun der New York Times bruecht[9]. Newborn ass och mat de prestigiéiste Präisser am Reklammemilieu ausgezeechent ginn; sou huet d'Monument ënner anerem am Mee 2008 e sëlwer Präis beim 49. Clio Awards Festival zu Miami gewonnen an am Juni ass et mam gëllene Léiw beim renomméierte Cannes Lions International Advertising Festival ausgezeechent ginn. Am selwechte Joer huet et nach Präisser beim Eurobest European Advertising Festival, beim Golden Drum Grand Prix a bei de London International Awards gewonnen. 2009 ass nach de One Club Merit Award derbäikomm. Beim 54. Clio Awards Festival gouf d'Monument op deem Fändele gemoolt waren erëm als Finalist ausgewielt[10].

Referenzen änneren

  1. underconsideration.com: Newborn: In more Ways than One (gekuckt den 9. September 2013)
  2. adweek.com: Ideas That Inspire (26. Mee 2008; gekuckt den 9. September 2013)
  3. balkaninsight.com: From Newborn to the Pimpsons: How Fisnik Ismaili Went from Hope to Anger (23. Mee 2011; gekuckt den 9. September 2013)
  4. newkosovareport.com: NEWBORN, the symbol of Kosovo Independence (4. Juli 2008; gekuckt den 9. September 2013)
  5. zeri.info: NEWBORN të ri-ngjyroset sërish nga qytetarët (15. Februar 2013)
  6. prishtinapress.info: Painting of Newborn Monument and Celebrating Kosova's Independence (24. Februar 2013)
  7. kosovotwopointzero.com: Newborn: Private, Public, or Somewhere in Between? (13. Februar 2014)
  8. kosovapress.com: NEWBORN wears military uniform (14. Februar 2014)
  9. coloribus.com: Outdoor ads as monuments, sculptures, stunts, installations, statues — Government Of The Republic Of Kosovo: NEWBORN MONUMENT (gekuckt den 9. September 2013)
  10. ogilvyks.com: Merits and Recognition (gekuckt den 12. September 2013)