Neimillen

Wikimedia-Homonymiesäit

Neimillen ass en Numm vu Millen deen zu Lëtzebuerg heefeg virkënnt.

Meeschtens kënnt den Numm dohier, well op der Plaz wou d'Mille steet eng méi al Millen donieft stoung, an se den Numm krut fir se vun där eelerer z'ënnerscheeden.

Dacks ass och déi al Millen ewechgerappt ginn an déi nei op der selwechter Plaz opgeriicht ginn a si huet den Numm einfach kritt, well se méi nei war, ouni datt huet sollen en Ënnerscheed gemaach ginn tëscht zwou Plazen.

Da gëtt et nach Neimillen déi den Numm duerch de Besëtzer kruten, deen Neu oder Ney geheescht huet an op Lëtzebuergesch einfach "Neimillen" oder "Neis Mille" genannt goufen.

Op de Landkaarten ass op de sproochlechen Ënnerscheed net ëmmer opgepasst ginn, soudatt bal iwwerall Neimillen oder Neumühle erëmzefannen ass.

Lëscht vun den Neimillen änneren