Dësen Artikel beschäftegt sech mat enger vun de villen 'Neimillen' am Land, nämlech där um Grondhaff. Fir aner Mille mat deem Numm, kuckt wgl. Neimillen.

D'Neimillen um Grondhaff war eng Millen um Areal vun der haiteger Carosserie Grundhof.

Geschicht änneren

D'Millen ass warscheinlech am Joer 1798 vum Jean Molitor gebaut ginn. 1811 gouf den Henri Molitor, 1824 erëm e Jean Molitor als Besëtzer genannt. Duerno huet se engem Fransous gehéiert, deen eng Seeërei draus gemaach huet, déi vun zwee Waasserrieder ugedriwwe gouf.

Nodeem d'Millen 1885 gebrannt huet, ass se 1898 erëm an de Besëtz vun der Famill Molitor komm. 1918 huet se dem Charles Wolff vun Iechternach, ab 1920 dem Chrétien Brimer gehéiert. Duerno dem Jacques Konsbrück. D'Seeërei ass bis nom Zweete Weltkrich bedriwwe ginn. 1960 huet de Jean Konsbrück, Fils vum Jacques Konsbrück, eng elektresch Zentral ageriicht a Stroum un d'CEGEDEL geliwwert. 1973 ass vum Felix Konsbrück eng Garage opgemaach ginn.