Rosch ha-Schanah (hebr.: Kapp vum Joer; ראש השנה; och Rosch ha-Schana geschriwwen) ass de jiddeschen Neijoerschdag. D'Mischna, dat zentraalt Wierk vun der jiddescher mëndlecher Iwwerliwwerung, leet dësen Dag als Ufank vum Joer fir d'Berechnung vum Kalennerjoer fest.

Rosch ha-Schanah fält nom jiddesche Kalenner op den éischten Tischri, dat heescht Enn September oder Ufanks Oktober. Well de jiddesche Kalenner mat Moundméint rechent an all puer Joer e Schaltmount derbäisetzt, wiesselt de geneeën Datum nom Gregorianesche Kalenner vu Joer zu Joer. Op Rosch ha-Schanah fänken déi zéng Yamin Noraim (hebr.: "schlëmm Deeg") un, déi mam "Versöhnungsfest" Jom Kippur ophalen.

D'Neijoerschwënsch "Gudde Rutsch!" ass eng Verdiebelung, déi mat "Rutschen" iwwerhaapt näischt ze dinn huet! Aus dem jiddesche Grouss "Gut Rosch!" (Rosch = Kapp, Ufank), also "e schéint neit Joer" gouf da mat der Zäit de "Gudde Rutsch!".

Rosch ha-Schanah fänkt am Hierscht un, um Dagesenn vum 29. Dag vum jiddesche Mount Elul. D'Fest dauert zwéin Deeg bis d'Dagesenn vum zweeten Dag vum Mount Tischri.

Rosch ha-Schanah gëtt 162 Deeg nom éischten Dag vum Pessachfest gefeiert. No dem aktuelle Gregorianesche Kalenner ka Rosch ha-Schanah net virun de 5. September falen, wéi an de Joren 1899 an 2013. Nom Joer 2089 wäerten d'Differenzen tëscht dem jiddeschen an dem gregorianesche Kalenner sou sinn, datt Rosch ha-Schanah net virum 6. September leie kann. Rosch ha-Schanah kann net méi spéit wéi de 5. Oktober leien, wéi zum Beispill am Joer 1967 an nees am Joer 2043. De jiddesche Kalenner ass sou opgebaut, datt den éischten Dag vu Rosch ha-Schanah ni op e Mëttwoch, Freideg oder Sonndeg fält.

Dës Lëscht weist d'Deeg vum Rosch ha-Schanah fir déi nächst Joren. Rosch ha-Schanah fänkt u bei Sonnenënnergang vum Owend virun deem Dag, deen hei opgelëscht ass:

Terminer vu Rosch ha-Schana
Joer
no jiddeschem Kalenner
Datum
no gregorianischem Kalenner
5777 3. Oktober 2016 (Mo)
5778 21. September 2017 (Do)
5779 10. September 2018 (Mo)
5780 30. September 2019 (Mo)
5781 19. September 2020 (Sa)
5782 7. September 2021 (Di)
5783 26. September 2022 (Mo)

Um Spaweck änneren

Commons: Rosh Hashanah – Biller, Videoen oder Audiodateien