NML Cygni
Den NML Cygni oder V1489 Cygni[1] ass e Rouden Iwwerris, deen am Stärebild Cygnus an enger Usammlung vu Stäre mam Numm Cyg OB2 läit.[2] De Radius vum NML Cygni ass dat 3.734-facht vum Sonneradius.
Numm | NML Cygni |
Stärebild: | Cygnus (Cyg)
|
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 20h 46m 25.54s |
Deklinatioun | + 40° 06' 59.4"[1][2] |
Visuell Magnitude | |
Spektralklass: | M7-8 D[1] |
Astrometrie | |
Radialvitess: | |
Parallax | |
Distanz | 1.610 Lj[2] |
Absolut Hellegkeet | |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 25-40[3] respektiv 50[4] M☉ |
Radius: | 3.734[5] |
Liichtkraaft: | 2,7±0,5[3] respektiv 5[4] * 105 |
Uewerflächentemperatur | 2.500 / 3.250 K[3][4] |
Alter | 2-3 Mio.[3] |
Mat deem Radius, ass den NML Cygni dee mat wäitem Ofstand gréisste bekannte Stär.
Verglach mat eiser Sonn
ännerenWann den NML Cygni an der Plaz vun eiser Sonn am Sonnesystem wier, géif seng Gréisst bal bis an d'Ëmlafbunn vum Uranus vun zirka 2,872 Mrd. km erureechen.
Numm
ännerenDen éischten Nummdeel NML geet op d'Entdecker Neugebauer, Martz a Leighton zeréck, déi hien 1965 entdeckt haten.[6],[7]. Den zweeten Nummdeel Cygni entsprécht dem Geenitiv vum Numm vum Stärebild Cygnus.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 http://simbad.u-strasbg.fr/simbad/sim-id?Ident=NML+Cyg
- ↑ 2,0 2,1 2,2 http://arxiv.org/pdf/1207.1850v1.pdf S.1
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 arxiv.org/pdf/1207.1850v1.pdf S.10
- ↑ 4,0 4,1 4,2 http://iopscience.iop.org/0004-637X/610/1/427/pdf/0004-637X_610_1_427.pdf S.1
- ↑ http://iopscience.iop.org/0004-637X/610/1/427/pdf/0004-637X_610_1_427.pdf S.2 Table 1
- ↑ Michael Thomas Schuster: Investigating the Circumstellar Environments of the Cool Hypergiants, ProQuest, 2007 S.58
- ↑ J. A. M. Bleeker, Johannes Geiss, M. Huber: The Century of Space Science, Springer, 2001, S.304/305 "immortalized the three authors' names [..] through the designations NML"