Seechomessenniwwel
planetareschen Niwwel am Stärebild Norma
(Virugeleet vu(n) Mz 3)
De Seechomessenniwwel ass e jonke planetareschen Niwwel. En aneren Numm fir den Niwwel ass Menzel 3 (Ofk.: Mz 3). Den Numm Seechomessenniwwel kënnt vu sengem Ausgesinn, well en dem Kapp an dem Thorax vun enger Seechomes gläicht.
De Seechomessenniwwel, fotograféiert vum Hubble-Weltraumteleskop | |
Stärebild | Norma (Nor) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 16h 17m 13.4s |
Deklinatioun | - 51° 59' 10.3" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 13,8 mag mag |
Wénkelduerchmiesser | 0.83/0.20 |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 3000 Lj |
Radialvitess | −21,2 km/s |
Geschicht | |
Entdecker | Donald Menzel |
Entdeckungsdatum | 1922 |
Entdeckungsplaz |
Boyden Observatoire deemools zu Arequipa am Peru |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
ESO | 225-PN9 |
RCW | 101 |
PK | 331-01 1 |
De Seechomessenniwwel breet sech stralefërmeg mat enger Vitess vu ronn 50 km/s aus. Dacks gëtt hie wéinst senger änlecher Genesisgeschicht mat dem Päiperleksniwwel verglach. Hie weist keng Spuer vu molekulare Waasserstoff-Ausstéiss.
De Seechomessenniwwel gouf 1922 vum Donald Menzel op Fotoe vum Bruce-24-Inch-Teleskop an der Baussestatioun vum Harvard College Observatoire zu Arequipa am Peru entdeckt[1],[2]
Um Spaweck
ännerenKuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ D. N. Menzel: Five new planetary nebulae., 1922BHarO.777....0M
- ↑ Harlow Shapley: Five new planetary Nebulae, 1922BHarO.777R...3S