Entdeckt goufe 4 Asteroiden
(4301) 1966 PM 7. August 1966
(5298) 1966 PK 7. August 1966
(11781) 1966 PL 7. August 1966
(14310) 1966 PP 7. August 1966

De Boyden Observatoire ass en astronomeschen Observatoire a wëssenschaftlecht Institut mat ugeschlossener Léier.

E gouf ufanks vun der Harvard Universitéit an der Géigend vu Lima am Peru am Joer 1889 gegrënnt. Am Joer 1927 ass en op déi haiteg Standplaz, südlech vun der klenger Uertschaft Maselspoort, nordëstlech vun der Stad Bloemfontein a Südafrika geplënnert. E gëtt vun der University of the Free State geréiert. Den Observatoire gouf nom Uriah A. Boyden (18041879) genannt, deen a sengem Testament dem Harvard College Observatoire 238.000 US-Dollar fir astronomesch Zwecker gestëft hat. Säin éischten a laangjähregen Direkter war den John S. Paraskevopoulos.

Den Observatoire huet dat drëttgréisst optescht Teleskop a Südafrika. Et ass den 1,5 m UFS-Boyden Rockefeller-Reflekter. Aner Teleskope sinn den 33 cm Alvan Clark-Refrakter, deen iwwer ee Joerhonnert al ass, dat historescht 25 cm Metcalf Triplet-Teleskop, den 40 cm Nishimura Reflekter, dat 40 cm Watcher-Roboterteleskop, en 20 cm Coelostat-Sonnenteleskop a vill kleng a mobil Teleskopen.

Um Spaweck änneren