Schwaarz Muttergottes, och nach Schwaarz Madonna genannt, bezeechent Mariebiller, déi schwaarz sinn. Dëst kann entweeder duerch e schwaarzen Ustrach sinn, duerch den Alter vum Material oder duerch de Rouscht vu Käerzen, déi beim Gebiet ugefaange ginn.

Déi Schwaarz Noutmuttergottes mat hirem Barockaltor am Stadgronn

Schwaarz Muttergottes an der Kierch vum Stadgronn

änneren

An enger Säitennisch vun der Kierch Abtei Neimënster steet déi Schwaarz Muttergottes, och nach Noutmuttergottes genannt. Si koum 1805 mat dem Barockaltor aus der Abtei Mariendall an de Stadgronn[1].

Dës Statu aus dem 14. Joerhonnert staamt wuel vun der Parler-Kënschtlerfamill. Den Albert Hames huet d'Statu restauréiert.

D'Pilgere bei d'Schwaarz Muttergottes dauert vum 1. Freideg an der Faaschtenzäit bis zum Freideg virum Karfreideg. D'Urspréng vun dësem Pilgeren zu Maria am Stadgronn geet zeréck an 12. Joerhonnert an zwar op den Abt Folmar, dee vun 1124 bis 1144 Abt aus der Abtei Almënster war[2].

Bekannt Schwaarz Muttergottessen an Europa

änneren
 
Nuestra Señora de Argeme, Coria, Spuenien

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Schwaarz Muttergottes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. La Vierge Noire de Luxembourg
  2. Michael Faltz, Heimstätte U. L. Frau von Luxemburg, Sankt Paulus Druckerei, Luxemburg, 1948, 3. Aufl. S. 4