D'Moundkniet oder Draachepunkten sinn d'Schnëttpunkte vun der Moundbunn mat dem Ekliptikplang.

D'Kniet vum Äerdmound
D'Inklinatioun ass iwwerdriwwen duergestallt

Den opklammende Moundknuet (Symbol: ☊) ass deen, bei deem de Mound vun der südlecher op déi nërdlech Säit vun der Ekliptik wiessselt. Am erofklammende Moundknuet (☋) wiesselt de Mound op d'Südsäit vun der Ekliptik. D'Verbindung vu béide Kniet heescht Knuetlinn.

Als Drakonitesche Mount gëtt d'Zäitspan tëscht zwéin Duerchgäng vum Mound duerch den eropklammende Knuet, déi hanneree komme bezeechent.

Knoutpunkten an Däischterten änneren

Nëmmen an der Géigend vum Moundduerchgank duerch ee vun de Kniet – bei gläichzäitegem Voll- oder Neimound – ass eng Mound- resp. Sonnendäischtert méiglech. Den Zäitintervall tëscht zwéin Duerchgäng vun der Sonn duerch de selwechte Moundknuet bezeechent een als Däischtertjoer.

Vum Draachebild, deen d'Sonn resp. de Mound verschléckt, leet sech den alen Ausdrock Draachepunkt (laténgesch draco) of: D'Moundkniet waren och als Draachekapp (Caput draconis) respektiv Draacheschwanz (Cauda draconis) bekannt an haten eng besonnesch Bedeitung. Déi selwecht etymologesch Bedeitung stécht an der „Ekliptik“ (Griichesch Sprooch: éκlιpsi – wierdlech „Verdeckung, Ausläschung“). Et gëtt en och an der chineesesch-konfuzianescher Mythologie bei Xi an He, 羲和, den himmlesche Beamte fir Sonn a Mound.

Den Draachepunkt benennt och déi Drakonitesch Period, also déi allgemeng Period vun zwéin Duerchgäng vun engem Himmelskierper duerch seng Kniet.

Den Drakonitesche Mount änneren

D'Längt vum drakonitesche Mount gëtt mat 27,21222 Deeg uginn. Dat si 27 Deeg, 5 Stonnen, 5 Minutten an 35,8 Sekonnen.

Den drakonitesche Mount déngt der Berechnung vun Däischtertzyklen, de reegelméissege Widerhuelunge vun Sonnen- a Mounddäischterten.

D'Moundkniet beweege sech duerch d'Prezessioun vum Moundbunnniveau all Joer ëm zirka 19,3° réckleefeg an der Ekliptik. Doduerch ass den drakonitesche Mount ëm 0,1095 Deeg (2h 37,6m) méi kuerz wéi deen – op den Equinoxe bezunnene – Tropesche Mount.

E vollstännegen Ëmlaf vun de Kniet an der Ekliptik dauert 6798 Deeg oder 18,61 Joer.[1]

Moundkniet an Nutatioun änneren

D'Moundknietdrift verursaacht eng Ännerung vun der Moundbunnlag an der Sphär vum Observateur. Wann ee vun de Moundkniet (erop- resp. erofklammend) mat dem Fréijoerspunkt zesummefält, da kënnt et zu enger Extremlag vun der Bunn: Den Equatorniveau schléisst mat der Ekliptik e Wénkel vun 23° 27' (Schréi vun der Ekliptik) an, d'Moundbunn ass an der Moyenne ëm 5° 9' géintiwwer der Ekliptik gebéit (Inklinatioun vun der Moundbunn). Déi béid Wäerter addéiere sech zu enger maximaler Deklinatioun vum Mound vun 28° 36' (minimal 18° 17'). D'Extrema vun dësem Zyklus ginn och als Moundwenden bezeechent.

D'Gravitatiounswierkung vum Mound, déi ëm dës Extremlage schwankt, verursaacht d'Nutatioun, eng periodesch Achsschwankung vun der Äerd mat der selwechter Dauer vun 18,613 Joren, déi dofir Nutatiounsperiod genannt gëtt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Joachim Herrmann: dtv-Atlas zur Astronomie (= dtv 30069). 2. Oplo. Deutscher Taschenbuch-Verlag, München 1974, ISBN 3-423-03006-2, S. 51.