Als Fréijoerspunkt (och Widderpunkt) gëtt an der Astronomie de Schnëttpunkt vum Himmelsequator mat der Ekliptik bezeechent, an deem d'Sonn zum Fréijoersufank vun der Nordhallefkugel (= Hierschtufank vun der Südhallefkugel) steet. Den zweete Schnëttpunkt vum Himmelsequator mat der Ekliptik heescht Hierschtpunkt.

Ekliptik mat véier spezielle Sonnepositiounen

Den 20. oder 21. Mäerz, méi rar och den 19. Mäerz (kuckt Fréijoersufank) erreecht d'Sonn vu Süden hier de Fréijoerspunkt. Den Hierschtpunkt erreecht si vun Norden hier, den 22. oder 23. September.

Wann d'Sonn am Fréijoers- resp. am Hierschtpunkt steet, da sinn op der Äerd den Dag an d'Nuecht d'selwecht laang (Equinoxe). Fréijoers- an Hierschtpunkt ginn dofir och als Equinoxepunkte bezeechent.

De Fréijoerspunkt ass e wichtege Bezuchspunkt an der Astronomie, besonnesch am equatoriale Koordinatesystem.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Literatur

änneren
  • Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung. BI-Wiss.-Verl., Mannheim 1994, ISBN 3-411-17051-4.