Monument vum Cavalier Antoine Fonck

Monument zu Thimister

D'Monument vum Cavalier Antoine Fonck ass e Krichsmonument an der belscher Uertschaft Thimister an der Provënz Léck

Monument vum Cavalier
Antoine Fonck
Typ Krichsmonument
Land Belsch
Gemeng Thimister-Clermont
Plaz Thimister
Adress Chaussée Charlemagne (N3)
Croix Polinard
Koordinaten 50°38'44,16"N, 5°51'5,53"O
Ageweit 25. Juli 1923
Material Marber
Kënschtler Marcel Rau

D'Monument steet um Lieu-dit Croix Polinard laanscht d'Nationale 3 déi do Chaussée Charlemagne heescht. Et erënnert un den éischte belsche gefalenen Zaldot vum éischte Weltkrich.

D'Opschrëft vum Monument ass:

ICI
EST TOMBÉ GLORIEUSEMENT
LE 4 AOÛT 1914
LE CAVALIER
FONCK A. A.
DU 2E RÉGIMENT DE LANCIERS
PREMIER SOLDAT DE L'ARMÉE BELGE
MORT À L'ENNEMI
AU COURS DE LA GRANDE GUERRE
1914 - 1918

Den Antoine Fonck gouf um Kierfecht vun Thimister begruewen. Wéi de Griewerdéngscht vun der belscher Arméi nom Krich seng Reschter wollt op den Zaldotekierfecht vu Rabosée ëmbetten, huet d'Famill sech dergéint gewiert, an d'Anciens combattants hu Sue gesammelt fir him e Mausoleum opzeriichten.