Zaldotekierfecht vu Rabosée


Den Zaldotekierfecht vu Rabosée ass e Kierfecht deen nom Éischte Weltkrich fir déi gefalen Zaldoten aus der Schluecht vu Rabosée a vum Fort de Barchon ugeluecht gouf. E läit am Hank, dee vu Rabosée op Wandre erofgeet, knapps 100 Meter vum Gemengekierfecht ewech.

Zaldotekierfecht vu Rabosée
Land Belsch
Gemeng Léck
Uertschaft Rabosée
Adress Rue du Bois LaDame
Griewer 213
Ugeluecht 1925
Koordinaten 50° 40’ 17.10’’ N
      05° 40’ 02.23’’ O
Architekt(en) J. Moutsche
Sculpteur(en) Alexis Fivet
F. Close