Thimister
Thimister, ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Thimister-Clermont an der Provënz Léck.
Thimister- | |
---|---|
![]() Thimister vum Fort vu Battice aus gesinn | |
Land | Belsch |
Regioun |
![]() |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz |
![]() |
Arrondissement | Verviers |
Gemeng | Thimister-Clermont |
Koordinaten |
50° 39’ 16’’ N 05° 51’ 50’’ O |
Telefonszon | 087 |
Postcode | 4890 |
Bis zu de belsche Gemengefusioune vun 1977 war Thimister eng eegestänneg Gemeng.
GeographieÄnneren
Thimister läit matzen am Pays de Herve an zwar an deem Deel dee Vrai Pays de Herve genannt gëtt, um rietsen Uwänner vun der Berwinne déi am Norden d'Gemengegrenz mat Aubel mécht. En etlech vun hiren Niewebaache wéi z. B. d'Bèfve an de Ruisseau de la Vlamerie hunn hir Quellen um Territoire vun Thimister. De ganze südlechen Deel läit laanscht d'Nationale 3 déi do Chaussée Charlemagne genannt gëtt an déi do op der Waasserscheed vun der Berwinne an der Vesdre läit.
VerkéierÄnneren
Un d'Stroossennetz ass d'Uertschaft iwwer d'Nationale 3 ugeschloss a bis 1957 hat se mat hirer Gare op der Linn 38 Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz.
KuckeswäertesÄnneren
- D'Kapell Notre-Dame de Lourdes op der Croix Polinard.
MonumenterÄnneren
- Stèle F.N.A.P.G. bei der Kierch
- Monument vum Cavalier Antoine Fonck op der Croix Polinard
- Monument fir d'Affer vun den zwéi Kricher op der Minerie