Thimister-Clermont

belsch Gemeng

Thimister-Clermont, ass eng belsch Gemeng an der Provënz Léck. D'Gemeng ass am Kader vum belsche Gemengefusiounsgesetz vun 1977 entstanen.

Thimister-Clermont
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 5.725 (1. Januar 2018)
Fläch 2 869 ha
Koordinaten 50° 36’ 44’’ N
      05° 44’ 47’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4890
Websäit http://www.thimister-clermont.be
Lag vun Thimister-Clermont an der Provënz Léck.

Geographie änneren

D'Gemeng läit matzen am Pays de Herve an zwar an deem Deel dee Vrai Pays de Herve genannt gëtt an um rietsen Uwänner vun der Berwinne déi am Norden an am Osten d'Gemengegrenz mat Aubel mécht. En ettlech vun hiren Niewebaache wéi z. B. d'Bèfve an de Ruisseau de la Vlamerie hunn hir Quellen um Territoire vun der Gemeng. De ganze südlechen Deel läit laanscht d'Nationale 3 déi do Chaussée Charlemagne genannt gëtt an déi do op der Waasserscheed vun der Meuse an der Vesdre läit.

Geschicht änneren

D'Gemeng ass 1979 bei der Fusioun vun den zwou fréiere Gemengen Thimister a Clermont-sur-Berwinne entstanen.

Wopen änneren

D'Gemeng krut 1979 autoriséiert[1] als Wopen, dee vun der fréierer Gemeng Clermont ze droen.

Beschreiwung: D'Or à la croix engrelée de sable

Dat gezackt Kräiz ass charakteristesch fir Adelsfamillen aus dem fréieren Herzogtum Limburg, an de Wope gouf vun deem vun der Famill Scavedris ogeleet déi am 15. Joerhonnert Schlasshären zu Clermont waren.

Um Spaweck änneren

Commons: Thimister-Clermont – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Armoiries communales en Belgique (DC 8.11.1977 - AR 8.6.1979 - MB 12.9. 1979)