E Monoid ass an der Mathematik, méi spezifesch an der Algeber, eng algebresch Struktur, déi aus engem Ensembel zesumme mat enger assoziativer binärer Operatioun an engem neutralen Element besteet. All Grupp ass e Monoid, awer net ëmgedréint, well an engem Monoid net all Element invertéierbar muss sinn.

Definitioun änneren

E Monoid ass een Tripel   deen aus engem net-eidelen Ensembel  , enger binärer Operatioun

 

an engem ausgezeechenten Element besteet  , soudatt déi follgend Axiomer erfëllt sinn:

  1. Assoziativitéit:
     .
  2.   ass een neutraalt Element:
     .

Beispiller änneren

Eng allgemeng Klass vu Beispiller fir Monoide liwweren d'Gruppen: Engersäits ass all Grupp ee Monoid. Anerersäits gëtt et awer och Monoiden, déi keng Gruppe sinn, wéi z. B.:

  •  , d'natierlech Zuelen zesumme mat der üblecher Additioun an der   als neutralem Element. Dëst ass ee Monoid, awer keng Grupp, well keng natierlech Zuel ausser der   een additiven Inverse huet.
  •  , d'ganz Zuelen zesumme mat der üblecher Multiplikatioun an der   als neutralem Element, ass och ee Monoid, awer keng Grupp, well keng ganz Zuel ausser   an   ee multiplikativen Inverse huet.

Weider Beispiller fir Monoiden:

  • Et sief   ee belibegen Ensembel,   den Ensembel vun alle Funktioune mat Definitiouns- an Zilensembel   an   d'Identitéitsfunktioun op   (d. h. et gëllt   fir all  ). Dann ass   ee Monoid, woubäi   d'Kompositioun vu Funktioune bezeechent.
  • Fir all belibegt Element   ass  , woubäi   definéiert ass duerch  , ee Monoid, de sougenannten triviale Monoid.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Monoiden – Biller, Videoen oder Audiodateien