Rank (Algeber)

algebresch Struktur

E Rank ass an der Mathematik, méi genee an der Algeber, eng algebresch Struktur, déi d'Additioun an d'Multiplikatioun vun de ganzen Zuelen generaliséiert. All Kierper ass e Rank, mä an engem Rank muss et keng multiplikativ Inversë ginn an d'Multiplikatioun muss net kommutéieren.

Definitioun änneren

E Rank ass en Ensembel   mat zwou Operatiounen,   (Additioun) an   (Multiplikatioun), déi follgend Axiomer erfëllen:

  •   ass eng kommutativ Grupp, d. h.:
    • D'Additioun ass assoziativ:   fir all  ,  ,  .
    • Et gëtt en Element  , soudass   fir all  .
    • Et gëtt additiv Inversen: Fir all   existéiert  , soudass  .
    • D'Additioun ass kommutativ:   fir all  ,  .
  •   ass e Monoid, d. h.:
    • D'Multiplikatioun ass assoziativ:   fir all  ,  ,  .
    • Et gëtt en Element  , soudass   fir all  .
  • D'Multiplikatioun ass distributiv vis-a-vis vun der Additioun, d. h.:
    •   fir all  ,  ,  .
    •   fir all  ,  ,  .

Wann d'Multiplikatioun och kommutativ ass, d. h. wann zousätzlech   fir all  ,   gëllt, nennt een   e kommutative Rank.

Beispiller änneren

De Prototyp vun engem (kommutative) Rank ass  , also den Ensembel vun de ganzen Zuelen mat der üblecher Additioun a Multiplikatioun.

All d'Kierper, z. B.  ,   an  , si kommutativ Réng.

Fir e kommutative Rank   beschreift   de kommutative Rank vun alle Polynomen iwwer  .

Konzepter änneren

En Ënnerrank   vun engem Rank   ass e Sousensembel  , dee selwer e Rank ass mat der selwechter Additioun, Multiplikatioun a multiplikativer Identitéit.

Kuckt och änneren