D'Lëtzebuerger Bankenopsiicht ass de 17. Oktober 1945 ënner dem Numm Commissaire au contrôle des banques[1] gegrënnt ginn. Dëse Kommissär hat eng Iwwerwaachungsmissioun iwwer de Bankesecteur. De spéidere Premierminister, Staats- a Finanzminister Pierre Werner war den éischten Titulaire vun dësem neie Service.

Wéi dunn den 20. Mee 1983 den Institut monétaire luxembourgeois gegrënnt gouf, huet hien d'Iwwerwaachungsaufgabe vun dësem Commissariat iwwerholl. Schliisslech ass aus dem Institut monétaire 1998 eng um europäeschen Niveau gläichberechtegt Zentralbank ginn, déi auschliisslech monetär Funktioune kritt huet an dofir d'Iwerwaachungsfunktiounen, inklusiv déi iwwer d'Bourse erëm huet missen oftrieden. D'Commission de surveillance du secteur financier (CSSF) ass du gebuer ginn, mat enger Kompetenz iwwer d'Banken, déi aner Finanzinstituter an iwwer d'Bourse.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Historique cssf Gearchiveerd op 2012-03-12. Gekuckt de(n) 2011-11-28.