Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région
De Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun, dacks just Familljeministère genannt, (fr: Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région), war bis 2023 e Ministère zu Lëtzebuerg. Mat der Regierung Frieden-Bettel gouf en de 17. November 2023 mam Ministère fir Famill, Solidaritéiten, Zesummeliewen an Accueil ersat.
Ministère fir Famill, Intégratioun an d'Groussregioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Max Hahn |
Verwaltungssëtz | Hamm |
Adress | 13c, rue de Bitbourg L-1273 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Um Spaweck | https://mfamigr.gouvernement.lu/ |
Allgemenges änneren
D'Zoustännegkeet vum Ministère huet absënns d'Famill an d'Familljepolitik, d'Politik vun den ale Leit, de Leit mat engem Handicap, d'Integratioun vun den Auslänner grad wéi d'Beräicher Solidaritéit a Sozialhëllef begraff.
Wat d'Groussregioun ugeet, huet sech de Ministère ë. a. ëm déi national Representatioun um Sommet vun der Groussregioun an ëm d'Gestioun vum Haus vun der Groussregioun gekëmmert.
Kompetenz vum Ministère änneren
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Familljeministère gefall sinn, waren am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[1]. Dozou hunn ë. a. gehéiert:
- Kannergeldskeess,
- Établissement public « Centres, foyers et services pour personnes âgées »,
- Servicer fir al an handicapéiert Leit vum Centre hospitalier neuropsychiatrique,
- Senioren-Telefon,
- Fonds national de solidarité,
- Koordinatioun vun der Politik fir d'LGBT-Communautéit.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-24.